De 26 Joer ale Louis huet zesumme mat e puer Associéeën 2 Firmaen, eng Marketing- an eng Event-Agence.

Seng Geschäftsiddi: Jonk Lëtzebuerger Kënschtler op national an international Büne bréngen.

De 26 Joer jonke Mann huet viru knapp 2 Joer am Grand-Duché eng Event-Agence gegrënnt. Zesumme mat senger Ekipp organiséiert hien eng Europa-Tour fir DJen aus Lëtzebuerg. Ënnert anerem zu Paräis, Wien a Barcelona sollen d'Museker optrieden. Et ass eng kleng Aventure fir si, mee virun allem eng grouss Geleeënheet, fir international promovéiert ze ginn.