D'Françoise Hardy ass dout. Déi franséisch Sängerin ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen, dat no enger laanger Kriibskrankheet.

Hiren Doud gouf vun hirem Fils an de sozialen Netzwierker confirméiert. 1962 ass déi deemools nëmmen 18 Joer al Françoise Hardy duerch hiren Hit "Tous les garçons et les filles", dee si selwer geschriwwen huet, bekannt ginn.

Vum renomméierten US-Magasinn "Rolling Stone" gouf d'Hardy 2023 an d'Lëscht vun den 200 gréisste Sängerinnen a Sänger opgeholl, dat als eenzeg Fransousin iwwerhaapt.

Zanter 2004 huet si u Kriibs gelidden.