D'Produzente vun den James-Bond-Filmer kréien en Éierenoscar

© AFP
Nieft dräi anere Veterane vum Kino ginn och d'Hallefgeschwëster Wilson/Broccoli mam Éierenoscar ausgezeechent.
D'Produzente vun den James-Bond-Filmer wäerten am Kader vun den Oscaren am November en Éierepräis kréien. Datt huet d'Academy e Mëttwoch annoncéiert. Si gi geéiert, well si hir komplett Karriär den Aventurë vum brittesche Spioun dediéiert hunn.
D'Hallefgeschwëster Michael G. Wilson a Barbara Broccoli schaffen un der Saga zanter dem Film "Golden Eye", deen 1995 an d'Kino koum. Virdrun huet de Papp vum Barbara, den Albert Broccoli, d'Filmer ëm de brittesche Spioun produzéiert.
An hirer Zäit hunn d'Hallefgeschwëster och ee vun de gréisste Filmer an der Franchise, Skyfall aus dem Joer 2012, produzéiert. Dësen huet iwwer eng Milliard US-Dollar agespillt.
Der Presidentin vun den Academy Awards no ass dëse Präis "en Zeie fir hire Succès als Produzente vun der populärer Bond-Saga a weist hir Kontributioun zu der Filmindustrie". Dëse Präis kënnt zu engem speziellen Ament fir d'Fans vum 007. Wärend den Daniel Craig annoncéiert huet, datt hien den James Bond net nach eng weider Kéier verkierpere géif, konnt bis ewell nach offiziell keen neien Acteur fonnt ginn, dee säi Martini net geréiert wëll kréien.
Antëscht gouf MGM, de Studio, dee bis ewell hannert de Bond-Filmer stoung, vun Amazon opkaaft. Ma d'Entreprise vun der Famill Broccoli, Eon, huet zum gréissten Deel d'Kontroll iwwert de kreativen Deel vun der Franchise, déi op de Bicher vum britteschen Auteur Ian Fleming baséiert.
De Michael G. Wilson an d'Barbara Broccoli kréien dësen Éierenoscar awer net wärend der normaler Oscar-Zeremonie, mä de 17. November wärend de Governors Awards, op deenen all Joer véier Veterane vum Kino geéiert ginn. Nieft hinne kréien och de brittesche Regisseur Richard Curtis, bekannt fir ënner anerem d'Bridget-Jones-Filmer, d'Casting-Directrice Juliet Taylor, déi mat u "Schindler's List "geschafft huet, an de Museker Quincy Jones en Éierenoscar. De Quincy Jones war zwar scho siwe Mol fir den Oscar nominéiert - dorënner fir "The Color Purple" - ma en huet bis elo nach ni ee gewonnen.