Stauséi als Bün fir zäitgenëssesch Konscht
WaterWalls ass en artistesche Parcours ënner fräiem Himmel, organiséiert vun der asbl Esch(t)kultur, deen op de Prinzippien vun der Kreeslafwirtschaft baséiert.
National an international Artiste weise mat hiren aussergewéinlechen Installatiounen ëm déi véier kleng Staudämm vun Esch-Sauer, wéi ee Konscht an Harmonie mat der Natur ëmsetze kann.
Véier artistesch Installatioune kreéieren deen ephemère Fräiliichtparcours vun dëser 2. Editioun vum WaterWalls Projet. Wierker, déi konzipéiert goufen, fir de Visiteure vun Esch-Sauer eng immersiv Erfarung an der idyllescher Natur vum Éislek ze bidden. D’Element, ëm dat sech alles dréint ass, wéi den Numm et scho verréit, d’Waasser.
Den Olivier Lacrouts, d’Laura Drouet an den Hadrien Vénat hunn zesummen dat participatiivt Wierk "Acquacanta" kreéiert. Eng Serie vu véier Klangskulpturen um Bord vun der Uewersauer, déi de Visiteur dozou animéiert, op ganz verschidde Manéieren, der Stëmm vum Floss nozelauschteren.
D’Installatioun "Amazon is a River" vun den Architekte Kim Gubbini, Lucas Facer an Thomas Randall-Page ass engersäits ee Symbol fir d’Kreeslafwirtschaft an anerersäits eng Kritik um onendleche Wuesstem. Aus dem Barrage gëtt Waasser héich erop op den Tuerm a Glieser gepompelt. Sinn dës voll, kippe se ëm an d’Waasser leeft an déi nächst, méi grouss Behälter ënnendrënner – duerch Toiletten a Schubbkare bis an eng grouss Buedbidden. Dobäi steet all Glas Waasser fir 1 Euro.
Um Camping Im Aal ass d’Wierk "Utopian Laundromat" ze gesinn, quasi ee Wäschsalon an der fräier Natur. Déi hybrid Installatioun stellt d’Noutwennegkeet vun der moderner Wäschmaschinn a Fro a verbënnt iwwerdeems d’Aarbecht mat der Gesellegkeet.
D’Wierk "Constellations flottantes" vun der franséischer Kënschtlerin Mathilde Caylou kann ee beim 4. Barrage a Richtung Heischtergronn entdecken. Dës Installatioun aus gliesene Bullen, déi ufänke mat liichten, wann et Nuecht gëtt, hannerfreet eis Relatioun mam Kosmos.
Nach bis den 8. September kann een déi véier Wierker laanscht an op der Uewersauer entdecken.
Weider Informatioune fënnt een um Site vum WaterWalls Projet.