Wat well ech no mengem Doud weiderginn? Wat bleift? Mat genee dëse Froen hu sech ganzer 32 international Kënschtler a Kënschtlergruppe fir de Projet "My Last Will", also "Mäi leschte Wëllen", intensiv ausernee gesat.

Hir ganz perséinlech kënschtleresch Äntwerten kann een zanter Enn Mee an enger Expo am Casino – Forum d‘art contemporain an der Stad entdecken.
 
Scho virun e puer Joer koum de dem Kënschtler- a Curateuren-Duo M+M (Marc Weis & Martin De Mattia) am Gespréich mat Artist*innen d‘Iddi fir "My Last Will". An enger éischter Phas hunn si déi 32 Artisten drëm gebieden, fir e Kënschtlerbuch zu hirem leschte Wëllen ze entwéckelen – a Form vun engem Text, ma och mat Zeechnungen, Fotoen oder Collagen.

D‘Resultat dovunner ass ee ganz besonnescht Buch am klasseschen Akteformat. Wëll ee sech déi eenzel Projeten ukucken, muss een - wéi beim Opmaache vun engem Testament duerch e Notaire - d‘Säite fir d‘éischt opschneiden.

An enger zweeter Phas gouf de Projet du vum intime Pabeierformat an den ëffentlechen Ausstellungsraum iwwerdroen. Fir d‘éischt 2023 an den "Kunstsammlungen Chemnitz" an elo am Casino.
 
Sou verschidde wéi déi gesellschaftlech, kulturell, oder reliéis Hannergrënn vun deenen 32 zäitgenëssesche Kënschtler sinn, sou individuell sinn och hir Iwwerleeungen zu der Fragilitéit vun hirem eegene Wierk an hirem Vermiechtnes. Esouguer de Kënschtler-Curateuren-Duo, deen d‘Fro "Wat bleift?" gestallt huet, war iwwerrascht vun der Villfältegkeet vun de kënschtlereschen Ausdréck.
 
An der Ausstellung erlieft an entdeckt een déi verschiddenst Medien, vun der Molerei an dem Video bis hin zur Robotik. D‘Zwillingsschwësteren Angelique a Liesbeth Raeven, bekannt als Kënschtler-Duo L.A. Raeven, presentéieren an dëser Ausstellung e Wierk mat enger ganz besonnesch emotionaler Déift.
 
Déi 32 zäitgenëssesch Positioune maachen däitlech, dass et am Zäitalter vun der Digitaliséierung a Globaliséierung ëmmer méi schwéier gëtt, déi existenziell Fro "Wat bleift?" ze beäntweren.
 
Nach bis den 8. September kann een déi vill Wierker am Casino an der Stad entdecken.