E Freideg de Moie schonn ass d'Fête de la Musique an der Stad lancéiert ginn. Bis den 21. Juni gëtt et méi wéi 300 gratis Concerten uechter d'Land, woubäi de Weekend natierlech am meeschte lass war.

Ronn 20.000 Leit huet et eleng e Samschdeg op Diddeleng gezunn, wou ee schonn déi 31. Editioun feiert. Dëst Joer mat ënnert anerem "ClockClock" als Headliner. Hiren Numm kennt Dir vläicht nach net, ma hir Lidder hutt Dir sécher schonn héieren. Déi däitsch Band bréngt een Hit nom aneren eraus, wéi zum Beispill "Someone Else" oder "Brooklyn". 2017 huet "ClockClock" sech gegrënnt, ronderëm de Sänger Bojan Kalajdzic an d'Produzente Mark Vonsin a Fabian Fieser. Spéitstens mat hirem Lidd "Sorry" huet d'Band hiren Duerchbroch gefeiert.

Mir konnten déi dräi Museker am Virfeld vun hirem Concert kenneléieren an erausfannen, wie sech hannert der markanter Stëmm an den Elektropop-Téin verstoppt.

De ganzen Interview mat "ClockClock"
Mir konnten déi dräi Museker am Virfeld vun hirem Concert kenneléieren.

Ma virop fir déi lokal Musekszeen spillt d'Fête de la Musique eng wichteg Roll, sou wéi fir d'Marcy. Déi jonk lëtzebuergesch Sängerin war bis elo ëmmer privat op der Fête de la Musique ënnerwee an huet do viru Joren esouguer seng Liblingsband “Giant Rooks” entdeckt. Ma dës Kéier dierf hatt selwer op der Bün stoen. Eng Première fir d'Marcy a seng Bandkolleegen Tommy Muller an Olli Chambers.

"Et ass mega opreegend fir mech, hei ze stoen. Ech hunn, säit ech jonk sinn, all Joer op der Fête de la Musique all déi Kënschtler gesinn an ech hunn ëmmer geduecht ‘ech wëll och eng Kéier dobäi sinn’. An elo ass et souwäit!"

Zanter zwee Joer bréngt d'Marcy Musek eraus an hat bis elo fënnef Optrëtter mat senger Band, ënnert anerem leschte Mount um United Islands of Prague Festival. Fir d'Fête de la Musique spille se am Kiosk op der Plëss – an dat bei Schloreen. Wéi d'Marcy dës Erausfuerderung gemeeschtert huet, gesitt Dir am Video-Reportage.