Säi Lidd "Carnaval de Paris" war inoffiziell als Hymn vun der Futtball-WM 1998 bekannt.

Den Dance-Projet "Dario G" gouf 1996 an England gegrënnt, dat vum Paul Spencer, Stephan Spencer a Scott Rosser.
Ee Joer no der Grënnung hu se mam Titel "Sunchyme" en europawäiten Hit konnte feieren. Parallel zu Futtball-EM 1998 gouf dann och den Titel "Carnaval de Paris" verëffentlecht, deen ënnert anerem den ZDF genotzt huet, fir hir Sendung iwwert d'Futtballiwwerdroungen. Ënnert anerem doduerch gouf d'Lidd zu enger inoffizieller Hymn vun der WM.

De Paul Spencer war de Kapp vum Projet. Virun engem Joer hat hie wësse gedoen, dass hien Daarmkriibs huet. Elo huet hien de Kampf géint déi Krankheet verluer, dat am Alter vun 53 Joer.