Matsangen an de Feierdag mat gudder Laun op en Enn komme loossen: Zanter 2021 gëtt et de City Sounds an der Stad.

Als Ofschloss vun de grousse Festivitéiten ëm Nationalfeierdag kritt de Public de Sonndeg den Owend eng grouss Show um Glacis am Kader vun der City Sounds gebueden. Et trëtt nämmlecht keen aneren ewéi Toto op.

Um Event at vertrueden waren déi lëscht Joren och grouss Gruppe wéi "The Script" oder och den "Gentleman". Et ass Konzept, dat wärend Covid entstanen ass, an nach laang soll bleiwen.

De Laurent Schwaller vum Services Fêtes vun der Stad Lëtzebuerg erkläert"Mir hunn et bewosst ronderëm Nationalfeierdag, well an der Stad mat den traditionellen Feierlechkeeten ewéi dem Fakelzuch a Freedefeier immens vill Leit ënnerwee sinn. Et ass eng immens lass. Mir hu geduecht mir mussen dat awer och e bësse méi verdeelen. Dofir hu mer och bewosst den 22. Juni, um Virowend, eng Programmatioun fir méi Jonk um Glacis. Et gëllt e Site ze schafen, dee kloturéiert ass a sécher.“

D'Soundchecks sinn duerch. Déi alleréischt Leit scho fir beim Gelänner. Prett fir e gudden Owend. Um 17 Auer schonn ass de Start fir d‘Jackie Moontan. Viru geet et mat Seed to Tree, Leen, Morcheeba, ier et dann um 22.30 Auer mat den US-Rocker an Headliner Toto viru geet.

"Toto ass e Begrëff!", esou de Laurent Schwaller. "Déi brauch ee bal net virzestellen. Dat sinn 21 Alben, 6 Grammyen, Hits ewéi "Rosanna", "Africa", "Hold a Line". Ech mengen do ass nach emol eng richteg lass um Glacis."

Vu 700, op 15.000, dann 20.000 – an dëse Sonndeg dann enger Capacitéit vu 25.000 Visiteuren. E Succès, dee soll weider ausgebaut ginn. D‘puzzelen fir d‘Editioun d‘nächst Joer huet dann och schonn ugefaangen.