Nom groussen Erfolleg vun hirer Adaptatioun vu "Carmen" d'lescht Joer geet de Luxembourg Ballet den 29. an 30. Juni erëm op d'Bün, dës Kéier mam Shakespeare sengem Klassiker "Romeo & Julia".

, Zanter senger Grënnung huet de Luxembourg Ballet eng ganz Rëtsch bekannte Ballet-Stécker nei interpretéiert, ënner anerem ""Don Juan" am CAPE zu Ettelbréck, "War of the Roses" am Groussen Theater an der Stad, "Der Nussknacker" am Veianer Schlass oder - ganz rezent - "Carmen" am CUBE 521 zu Maarnech. Hei wäert elo och hiert neiste Wierk seng Plaz op der Bün fannen: "Romeo & Julia".

"Déi gréisst Schwieregkeete bei der Inzenéierung vu klasseschen an immens berüümten Dramaen ass d'Sich no der eegener Form", erkläert d'Volha Kastsel, Choreographin vum Luxembourg Ballet. "Et muss een eng eege Metapher fannen, déi de Spectateur mat senger Kraaft a Schéinheet beréiert a verféiert. Gläichzäiteg muss een am originale Wierk déi Punkte fannen, déi den Auteur fir den haitege Publikum méi zougänglech a verständlech maachen."

RTL

© Varvara Kandaurova

D'Tragedie spillt sech jo am 16. Joerhonnert zu Verona an Italien of, wou d'Kanner aus zwou verfeinte Familljen - de Montagues, zu där de Romeo gehéiert, an der Capulets-Famill, an déi d'Julia eragebuer ass - sech anenee verléiwen, et hinnen duerch déi Familljesituatioun verbueden ass, zesummen ze sinn. De Sträit geet esou wäit, dass de Romeo op engem Punkt am Kampf dem Julia säi Cousin, Tybalt, ëmbréngt. Dem Julia seng Elteren decidéieren dann, dass dat jonkt Meedche sech soll mat engem gewësse Paris bestueden. Fir deem Schicksal z'entkommen, hëlt hatt eng Dronk zu sech, déi hat an een Zoustand versetzt, wéi wann et dout wier. Do virdru probéiert hatt, fir de Romeo mat engem Bréif doriwwer z'informéieren. De Romeo, par contre, kritt de Bréif net a geet dovunner aus, dass hat effektiv verstuerwen ass. Also hëlt hie sech d'Liewen a wéi d'Julia erwächt a gesäit, wat geschitt ass, bréngt och hatt sech ëm. Wéi d'Elteren hir Kanner du virfannen, erkenne si hire Feeler a fannen endlech Fridde mateneen, awer leider ze spéit fir de Romeo an d'Julia.

"De wichtegsten Aspekt vum Stéck ass Léift", sou d'Volha Kastsel. "Wéi ech d'Wierk nach eng Kéier gelies hunn, war ech faszinéiert dovunner, wéi wéineg de Mënsch zanter dem Shakespeare senger Zäit geännert huet. Mir kruten Technologie bäi, mä de Mënsch u sech ass nach ëmmer d'nämmlecht bliwwen."

Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.