Dësen Dënschdeg ass et genee 15 Joer hier, datt de Michael Jackson am Alter vu 50 Joer iwwerraschend un enger Iwwerdosis gestuerwen ass.

Den Elvis Presley am Joer 1977, den John Lennon am Joer 1980, de Kurt Cobain am Joer 1994, de Michael Jackson am Joer 2009 oder d'Amy Winehouse 2011- et gëtt keng Dekad, déi net vum iwwerraschenden Doud vun enger Museksikon gepräägt war. Dacks erënnert ee sech nach Joerzéngte méi spéit un de Moment, an deem een d'Nouvelle fir d'éischt héieren huet.

Kënnt Dir Iech nach drun erënneren, wat Dir deen Ament gemaach hutt, wou Dir vum Doud vum King of Pop héieren hutt? Da schreift eis Är Geschicht an d'Kommentaren!

De Michael Jackson ass wuel eng vun den bekanntsten a gläichzäiteg ëmstriddenste ëffentleche Perséinlechkeete vun eiser Zäit. An awer huet de King of Pop Generatioune gepräägt, ob elo mat den Jackson Five oder méi spéit a senger Solo-Karriär.

Zesumme mat senge véier Bridder Jackie, Tito, Jermaine a Marlon huet de Michael Jackson 1970 scho mat 12 Joer d'Motown-Charts eng éischte Kéier gestiermt. Ënnert dem strenge Management vu sengem Papp Joe Jackson huet sech de Michael Jackson vun engem Kannerstar zu engem Teenie-Idol gewandelt.

Spéitstens mat sengem sechsten Album "Thriller" dat 1983 zilgenee an den Zäitgeescht ageschloen huet, war seng Positioun als Weltstar besigelt. Bis haut bleift den Album mat iwwer 50 Millioune Vente weltwäit dee meeschtverkaaften Disk vun allen Zäiten.

YT

Déi glamouréis Fassad vum Michael Jackson sengem Welterfolleg als "King of Pop" krut iwwer d'Joren allerdéngs ëmmer méi Rëss. Drastesch Changementer u sengem Ausgesinn hu Kritik a Spekulatioune matsechbruecht. Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen op senger berüümt-berüchtegter Neverland Ranch hunn dat ëffentlecht Bild vun him dauerhaft verännert.

Zum Zäitpunkt vu sengem Doud de 25. Juni 2009 war de Michael Jackson amgaangen, un enger Zort Comeback ze schaffen: Manner wéi dräi Woche méi spéit sollt seng musikalesch Residence zu London lassgoen, fir déi all d'Tickete schonn ausverkaaft waren. Et koum dunn awer ganz anescht. De Michael Jackson ass un engem Häerzstëllstand gestuerwen, ausgeléist duerch eng Iwwerdosis vun de verschreiwungsflichtege Berouegungsmedikamenter Propofol a Benzodiazepine.