D'Lena kënnt am Kader vun hirer Summertour och op Lëtzebuerg, op den "Echterlive Festival". Virop hu mir der Sängerin e puer Froe gestallt.

Mat enger neier Show, neie Lidder a ganz vill Gefill am Gepäck steet déi gebierteg Lena Johanna Therese Meyer-Landrut de 27. Juli zu Iechternach op der Bün. Lëtzebuerg kennt d'Hannoveranerin nach net, well dacks ni sou richteg Zäit fir Reesen a Sightseeing ass. Ëmsou méi grouss ass d'Freed, d'Land an d'Leit  kuerz kennen ze léieren.

2010 war en aschneidend Joer fir déi deemools 19 Joer jonk Sing- a Songwriterin. Dat Joer huet si mam Lidd "Satellite" de Eurovision Song Contest gewonnen an hir Karriär ass quasi iwwer Nuecht ofgehuewen. Antëscht ass si eng vun de bekanntste Musekerinnen an Däitschland.

Dem Tali, der Kandidatin, déi no 30 Joer Lëtzebuerger Abstinenz beim ESC, fir de Grand-Duché ugetruede war, gëtt déi mëttlerweil erfueren däitsch Sängerin "bonne Chance a Geloossenheet" mat op de Wee. Haut wier alles sou séier an haart, do sollt ee sech ëmmer nees selwer froen: "wat mécht mech eigentlech glécklech a wat maachen ech grad?".

"Verännerung ass super wichteg"

"Alles huet sech verännert, wann een iwwer Nuecht berüümt gëtt", sou d'Äntwert op d'Fro, wat sech zanterhier gedoen huet. Deemools wier dat ganz séier gaangen, sou d'Lena. Réckbléckend wier et wuel éischter e schläichende Prozess, deen ee fir d'éischt muss realiséieren an dann d'Verännerung zouloossen. An dës wier super wichteg, hautdesdaags wier alles "zum Gléck an engem konstante Wandel".

Neien Album Loyal to Myself - "E Verspriechen u mech selwer"

Wat huet et mam Mottoe "nach méi authentesch, méi ech, manner Drock a méi Spaass", op sech, wollte mir vum Lena wëssen, kennt ee si dach als authentesch a lëschteg Persoun. Dëse Motto wier éischter e Verspriechen u sech selwer, sech selwer z'acceptéieren, nees méi Freed z'empfannen. Et géif awer och bedeiten, schlecht Momenter ze hunn an z'erkennen, fir se kënnen ze veränneren.

Mat dësem Album wier si effektiv nees gewuess. "D'Schreiwen hëlleft mir dobäi enorm an ass dowéinst wéi e Prozess an eng Méiglechkeet, Guddes oder Schlechtes ze verschaffen". Ma dësen neien Album bréngt och en neie Sound mat villen neie Lidder. An dorop dierfe sech och d'Lëtzebuerger Fans freeën, mam neien Album kënnt och eng fuschneie Bünendesign. "Dat gëtt scho richteg cool an et ginn op alle Fall e puer Iwwerraschungen".

No enger Depressioun a laanger Paus nees op der Bün. Wéi fillt sech dat un?

No der Victoire beim ESC goung wéi gesot alles ganz séier, bannent kierzter Zäit goung et op Tour. Elo ass et also de Contraire, d'Lena huet sech Zäit gelooss an d'Motivatioun souwéi d'Virfreed wieren deementspriechend grouss. "Um Enn weess ech an hoffen, dass de Publik dat gesäit. Dorop freeën ech mech da schonn immens".

D'Diskussioun ëm mental Gesondheet an Zefriddenheet an der haiteger Zäit wier méi wichteg wéi jee. Et wier gutt, dass et do en Austausch gëtt, och ëffentlech. "Ech si stänneg de Meenungen anerer ausgesat an ech ginn natierlech be- a verurteelt. Dat gehéiert bei mir a ville Mënschen am Showbusiness dozou", sou déi 33 Joer al Sängerin. Op der anerer Säit: "Den Zousproch vun de Leit fiddert dëst Gefill och nees", jiddereen hätt säi Päckchen ze droen. "All Mënsch muss do säin oder hiren individuelle Wee fannen a suivéieren. Dat klappt Mol méi, Mol manner".

Dat ass wuel och de Grond, wisou d'Lena sech vum Taylor Swift am meeschten inspiréiert fillt, awer och, well et "faszinéierend a spannend ass, wéi si alles mécht an ënnert een Hutt kritt".