Et ass déi véierte Kéier, datt d'Band ëm de Leadsänger Billy Corgan op Lëtzebuerg kënnt.

Dës Optrëtter leien awer scho bal an den Archiven. 2013 an 2011 stounge si an der Rockhal op der Bün, 2007 war et nach am Atelier.

Dat se elo nees zeréck an de Grand-Duché kommen, huet e Grond. "Et ass wuel eis gréissten Europa-Tour zanter 97-98", seet de Billy Corgan am Interview mam RTL Today Moderator Steps Lowe. Dës Tour weist och, datt d'Smashing Pumpkins weider um richtege Wee sinn. "Mir gesi vill jonk Leit bei eise Concerten", esou de Sänger.

RTL

Datt ee fréier a méi klenge Raim gespillt huet oder op enger Club-Tour war, wier fir d'Band wichteg gewiescht. "Mir hunn do geléiert, ze spillen", seet de Billy Corgan. "Wann s de op der Club-Tour net bei de Leit ukënns, kënns de néierens bei de Leit un. [...] Mir stellen eis d'Fro, datt, wann s de net däi ganzt Häerz an dat stéchs, wat s de mëss, wisou stees de dann do uewen [op der Bün]."

Am Interview mat RTL Today gouf et dann och e bësse méi perséinlech. De Billy Corgan huet erzielt, wat hie gäre mécht, wann hien net op der Bün steet, schwätzt driwwer, wisou si net ëmmer alles maachen, wat vun hinne verlaangt gëtt, a kuckt op d'Relatioun mat der Press zeréck.

D'Smashing Pumpkins spillen e Freideg den Owend virun der Luxexpo um Open Air. Tickete kritt een nach um Site vum Atelier.