Ausstellung "Tying Knots" setzt Kënschtlerinnen aus dem Rwanda an de Fokus
„Fraen am Rwanda hunn ëmmer Konscht gemaach, mä déi Mannst kënnen dovunner liewen. Dat gëllt et ze änneren", sou d'Kënschtlerin a Curatrice vun der Ausstellung, Kakizi Jemima.
Si selwer ass am Rwanda als Kënschtlerin aktiv, gëtt awer och Workshoppe fir jonk Artistinnen a schafft als Curatrice. Des Weideren huet si d'asbl "Impundu Arts" lancéiert, fir virun allem weibleche Kënschtlerinnen ënner d'Äerm ze gräifen an Opportunitéiten ze kreéieren. Den Ament huet si zwou Ausstellungen lafen: "Fierce Femmes" an de Gallery Brulhart zu Genf an "Tying Knots" am Kulturhaus Nidderaanwen.
"Mir haten zwee Krittären, op déi mir eis baséiert hunn, fir d'Kënschtlerinnen auszesichen, déi mir hei ausstellen", erkläert d'Curatrice. "Engersäits war et eis wichteg, dass si aus ënnerschiddleche Regioune kommen, fir déi Lienen iwwer d'ganzt Land ze spanen. Anerersäits sollten et Artiste sinn, déi dëst Joer u kenger anerer Expo vun eis deelgeholl hunn, well all Mënsch soll un d'Rei kommen an d'Chance kréien, auszestellen."
Als Briefing kruten déi fënnef Kënschtlerinne gesot, dass d’Wierker si, an dat wat fir si wichteg ass, solle representéieren. D’Resultat si Peinturen, Collagen an eng Konschtinstallatioun, déi Themen ewéi Natur, Traditiounen aus dem Rwanda, Heelung, awer och sech selwer gären hunn, opgräifen.
D’Ausstellung “Tying Knots” kann een nach bis den 30.Juni am Kulturhaus zu Nidderaanwen gesinn.