Vum 25. Juli bis den 1. August verwandelt sech d'Place Guillaume II. all Owend an ee grousse Fräiliicht-Kino.

D'Organisateure versprieche mat der Auswiel u Filmer um risegen Ecran eng nach méi spektakulär Editioun wéi déi Jore virdrun. Um Programm sti souwuel klassesch, wéi och méi aktuell Filmer. Mat derbäi ass och deen een oder anere Kult-Film, zum Beispill Challengers vum Luca Guadagnino, Casablanca vum Michael Curtiz, Les Demoiselles de Rochefort vum Jacques Demy a Mon Voisin Totoro (japanesch Versioun) vum Hayao Miyazaki.

Fir den Ofschloss vum Open-Air-Kino ass dann nach e ganz speziellen Owend, geplangt mat engem Ciné-Concert am Kader vum 100. Anniversaire vum Sherlock Jr. vum Buster Keaton, dat Ganzt begleet vun enger Live-Musekperformance.

All Seance ass um 21.30 Auer a se si gratis nom Prinzip "first come, first serve". Et heescht also net op de leschte Stëppel ukommen. Wat wier Kino ouni Popcorn? Snacks a Gedrénks ginn et natierlech och sur place.

An och wann et géif reenen, dëse Summer ware mer jo nach net sou verwinnt mat der Sonn, bleift et bei de Kino-Seancen ënner fräiem Himmel.