Wéi kann ee besser säi wuelverdéngte Feierowend verbréngen, wéi mat Kolleegen an enger flotter Locatioun?

Uechter d'Land kënnege sech dëse Summer eng Rëtsch Afterwork-Evenementer un. Ob zu Klierf, an der Stad, am Süden oder am Mëllerdall, iwwerall kann een a sengem Feierowend entspaanen.

Kultur am Klouschtergaart zu Peppeng - bis den 27. Juli

RTL

© www.roeser.lu/Klouschtergaart24

“Kultur am Klouschtergaart” invitéiert op hire villsäitege Programm. Op hirer drëtter Editioun fënnt een nieft Liesunge fir Grouss a Kléng och Concerten, DJen, Ausstellungen an aner interaktiv Aktivitéite fir de Feierowend ze genéissen. De genaue Programm fannt Dir bei der Gemeng um Site.

Open Air Kinoen - bis den 1. August

RTL

© VDL

A wie kuckt net gären Owes e Film ënnert dem Stärenhimmel? Dat erméiglecht de City Open Air Cinema um Knuedler an der Stad. All Dag gëtt hei um 21.30 Auer op enger grousser Leinwand en anere Klassiker oder zäitgenëssesche Film gewisen. De geneeë Programm um Site vun der Ville de Luxembourg.
 
E Kino ënnert fräien Himmel gëtt et awer net nëmmen an der Stad, ma och déi 4. Editioun vum “Sunset Cinema” reest uechter d Land a bitt dem Public allerlee Filmer Owes. Wéini wéie Film leeft, fannt Dir um Site vum Sunset Cinema.

Clervaux Castle Summer Music Festival  - bis den 10. August

RTL

© Gemeng Cliärref

Ob Reggae, Punk, Jazz, Pop, Country, Elektro, Indie Pop oder Funky Rock, am Schlass zu Klierf ass am Kader vum Summer Music Festival fir jiddereen eppes dobäi. All Freideg a Samschdeg Owend stinn hei aner Artisten op der Bün. Organiséiert vun der Gemeng Klierf an dem Cube 521 hu si zesummen en ofwiesslungsräiche Programm opgestallt, deen Dir hei kennt fannen.

Congés Annulés - Rotondes - vum 26. Juli bis den 21. August

RTL

© Loïc Warin

D’Verlaangen nom Congé kenne mer dach all oder? Do kommen engem Rotonden hire Summerfestival “Congés Annulés” entgéint. Lëtzebuerger Museker, wéi Bartleby Delicate oder Ninon. Kënschtler aus der Groussregioun oder doriwwer eraus fënnt een awer och hei op der Bün, wéi dem Butch Kasidy seng Post-Rock-Performancen aus London oder de Norwegen Trio Orisons Belte. Bei verschiddene Concerte brauch een Ticketen, bei aneren ass d’Entrée awer gratis. De genee Programm fannt Dir um Site vun de Rotonden.

Mëllerdall Plage - vum 3. August bis den  25. August

RTL

© Mëllerdall Plage

D’Gefill vu Vakanz a Strand kritt een op der Mëllerdall Plage déi éischt véier Weekender am August. Organiséiert vun Opyos Beverages an dem Touristcenter Heringer Millen, kann ee vu Freides bis Sonndes hei bei summerlecher Stëmmung säi Weekend genéissen. Nieft Cornhole Tournoie gëtt et och all Samschden Live Concerten, wéi zum Beispill vum Serge Tonnar, Sebastian Bungertan an All Reitz Reserved.

So So Summer - CNA - bis den 29. August

RTL

© CNA

Den Afterwork SO SO Summer invitéiert op e kulturelle Feierowend an dat all Donneschden tëschent 17 an 22 Auer an dono op d’Afterparty an der Kantin. Organiséiert vum CNA kann een zu Diddeleng beim Waassertuerm a Pomhouse säi wuelverdéngte Feierowend mat Konscht a gudder Musek verbréngen. Wéini genau wat leeft fannt Dir hei.

Niewelaanscht kann een och dem Kay Walkowiak seng Expo "Traces of Time” kucken goen. Seng Wierker, eng Kombinatioun aus Fotografie, Film an Audio, stellen déi westlech Zäitvirstellung a Fro a kreéieren eng Aart Zäitkapsel vu Geschicht a Konscht. Dës Ausstellung leeft nach bis de 24. November.

Groovy Thursdays - Konschthal - bis den 29. August

RTL

© Pancake!

D’Groovy Thursdays an der Konschthal zu Esch luet een all Donneschdeg tëschent 17 an 22 Auer op e kënschtlereschen Feierowend an. Nieft gudder Musek kann een och u Visite guidéeen duerch déi aktuell Ausstellungen a Workshoppen deelhuelen. De Programm fannt Dir um Site vun der Konschthal.