D'Scorpions virum Optrëtt bei der Luxexpo am RTL-Interview
Et ass dat zweet Joer, dass den Atelier eng Serie vun Open-Air-Concerten um Parking virun der LuxExpo "The Box" organiséiert.
En Dënschdeg ass op der Bün um Kierchbierg eng Band opgetrueden, déi et d'nächst Joer scho 60 Joer gëtt an déi och haut nach ëmmer vill Succès huet. D'Scorpions goufen 1965 zu Hannover gegrënnt, dat ënnert anerem mam Gittarist Rudolf Schenker, deen nach ëmmer mat dobäi ass. Virun hirem Optrëtt waren déi aktuell Band-Memberen am Interview beim Philippe Dondelinger.
Open-Air-Concerte bei der Luxexpo
Fënnef Concerte fir jeeweils bis zu 10.000 Spectateure stinn dëst Joer um Programm. De leschte Freiden ass den éischte gestart a mir ware kuerz virdru mat der Kamera um Site.
Bannent enger Woch ass de Parking an en Open-Air-Site fir Concerte verwandelt ginn. Aacht Camionen hunn d’Bün bruecht, 40 Persounen hu se opgebaut. Aner aacht Camionen hunn d’Technik op de Site transportéiert. Natierlech huet Méint virdru schonn déi 12-käppeg Ekipp vum Atelier organiséiert, mee fir dass d’Concerte kënne stattfannen, brauch et ëm déi 400 Leit déi schaffen.
De Laurent Loschetter huet virun 29 Joer mat Kolleegen den éischte Concert organiséiert. Am Oktober 1995 hu si d’Band Whitesnake op d’Bün bruecht: "Et war den éischte Concert, dee mer gemaach hunn an ech menge mir hunn eng Woch virdrun net geschlof vun Opreegung".
Haut wier ee routinéiert, hätt e Plang D, fir dass et net zu engem Black-out kënnt, d’Sécherheet vun de Spectateure garantéiert wier an och den Toun gutt kléngt. Fir dës Open-Air Serie eleng wieren 30 Autorisatiounen noutwenneg. Et wier een och mam Flughafen a Kontakt, vue dass bei der Show vum Calvin Harris eng Lasershow virgesi wier, iwwert déi d’Pilote missten informéiert ginn.
An de Baren eleng schaffen ongeféier 64 Persounen. Den Diogo Costa ass de Responsabele vun de Gedrénksstänn, an hëlleft schonn zënter 10 Joer op Concerte mat. Hie mécht dat nieweberufflech a fänkt fënnef Méint am Viraus mat der Organisatioun un. Och wa virum Concert alles prett wier, heescht dat net dass hie kann entspaant de Concert kucken: "De Recht vum Owend kéint ee menge wier relax, ass awer leider net esou. Mir mussen als Responsabel ëmmer kucken, dass mer d’Situatioun am An hunn. Mir mussen de Flux vun de Leit, d’Stocken an d’Zapanlagen am A behalen. Fir wann iergendeen Problem ass, dass mer direkt kënne reagéieren. Hei hu mer d’Reserve vun Zapanlagen, do hu mer der 3 prett stoen, falls iergendee Problem wär."