Den "Open Air Housen" feiert de 25. Jubiläum
U sech besteet de Festival schonn zanter 1998. Wéinst der Pandemie war en awer zwee Joer laang ausgefall.
D'Iddi fir de Festival war am Fong aus der Nout eraus entstanen. "Mir haten eng Kéier als Club des Jeunes de Sall net ganz korrekt verlooss an d'Gemeng huet eis dowéinst de Centre culturel refuséiert", erënnert sech de Roland Heinen, President vu FOAH, déi all Joer de Festival organiséieren. "Well mir dunn als jonk Leit awer eppes wollte maachen, hu mir dunn decidéiert, et baussen ze maachen."
D'Formule schéngt ze klappen. Zanterhier ass den "Open Air Housen" nämlech nëmmen nach weider gewuess. 2022, also dat éischt Joer no der Pandemie, waren d'Tickete schonn ee Mount virum Datum ausverkaf.
Wa mir scho beim Datum sinn: Deen ass vun Ufank un ëmmer den nämmlechte gewiescht an zwar den 1. Weekend vum Juli. Sou dann och dëst Joer, wou de Programm sech vu Freides Owes bis Samschdes an d'Nuecht eran zitt. Mat dobäi sinn, ënner anerem, "Alle Farben", den Toby Romeo, Vize oder och den Nosi. De ganze Lineup an Tickete ginn et op hirem Site.