Op der Sich no de Beckius-Biller
Se hänke bei Privatleit, op Gemengen an op villen onbekannte Plazen. D’Wierker vum Jean-Pierre Beckius.
De Miseler hat viru ronn 100 Joer seng kreativ Zäit a war zu senge Liefzäiten e ganz aktive Moler. Elo si seng Nokommen op der Sich no all deene Biller an eben och elo op är Hëllef ugewisen.
“Mir maachen dat fir dass en net vergiess gëtt” seet den eelsten Enkel vum Jean-Pierre Beckius, den André Bley.
Et ass een op der Sich no deene Biller, déi nach net fonnt goufen. No engem éischten Opruff sinn iwwer 200 Äntwerten erakomm. Dat hätt ee sech net esou erwaart.
D’Lisa Bley, Ur-Enkelin vum Moler betount, dass een zougeschott gouf mat Mailen. Duerfir wëll een dat alles an enger Datebank sammlen.
Eng Expo ass fir Enn des Joers an der Villa Vauban virgesinn. Den Ament sinn eng 1.000 Wierker erfaasst vun am ganzen 2.000, déi et solle ginn.
De Jean-Pierre Beckius war méi wéi de Moler, deen um Bord vun der Musel stoung fir Biller ze molen. Och op senge Reesen duerch Europa war de Pinsel an d’Toile mat derbäi.
E war 6 Joer zu Paräis, dann och an Italien an Holland. Duerfir ass et net nëmmen de Musel-Moler
Nieft de Landschaften sinn och Portraiten am Beckius senge Wierker ze fannen. Op engem vun dëse Portraiten ass d’Jeanne Goerens ze gesinn. Si gouf 1928 am Alter vu 5 Joer gemoolt an huet dat Bild haut nach an der Stuff hänken.
Dëst Joer hätt de Moler 125 kritt. En ass 1946 am Alter vun nëmme 47 Joer gestuerwen.
Fir alleguerten d’Beckius-Werker ze fannen, ass d’Famill op Hëllef vu baussen ugewisen. Wien elo e Beckius doheem hänken huet, dierf sech gär bei der Famill mellen.