De Plooschter Projet gouf 2014 vum  Yannick Lieners an d'Liewe geruff. De Sportler, deen deemools selwer u Leukemie erkrankt ass, huet eng ASBL gegrënnt, déi sech dofir asetzt, Stammzellespender ze fannen.

Fir den 10. Jubiläum huet sech de Plooschter Projet eppes Besonnesches afale gelooss: Eng Gruppen-Expo, wou den Erléis un d’Kriibs-Fuerschung geet. 10 Joer sinn et elo hier, datt de Plooschterprojet gegrënnt gouf, 10 Joer an deene sech de Yannick Lieners fir d'Lutte géint d'Leukemie asetzt.

Fir dëse ronne Gebuertsdag ze feieren, gouf elo eng Expo op d'Bee gestallt, mam Titel "Culture for Future".  Eng ganz Rëtsch jonk Kënschtler stellen hei aus an e groussen Deel vum Verkaf geet an d'Kriibsfuerschung vum LIH, dem Luxembourg Institue of Health.

Fir d'Expo ze realiséieren, huet de Yannick Lieners mat senger Schwëster, dem Sandra Lieners, wat selwer Molerin ass, an dem Gilles Weidig, Dokter, Konschtsammler a Curateur, zesummegeschafft. Beim Choix vun de Kënschtler gesäit ee besonnesch jonk Artisten, wéi de Julien Hübsch, d’Annie Mertens oder nach de Pit Riewer.

Dëse Samschdeg gëtt d'Lëtzebuerger Band "Englbrt" e Concert an der Ausstellung a bei dëser Occasioun kann ee sech och als Stammzellespender registréiere loossen. Wat d'Krittäre sinn, fir als Spender a Fro ze kommen, déi fënnt een op der Websäit vum Plooschter Projet. D'Expo leeft nach bis de 27. an der Galerie Schlassgoart zu Esch.