Am kënschtlereschen Univers vun der Sandra Lieners treffe klassesch Techniken vun der Uelegmolerei op digital Ästhetik.

Vu Juli bis Oktober 2023 hat déi Lëtzebuerger Molerin am Kader vun enger Kënschtler-Residenz an den australesche Blue Mountains gelieft a geschafft. Eng Erfarung, déi e staarken Impakt op d‘ Kënschtlerin an hir artistesch Praxis hat. D‘Friichten dovunner presentéiert si lo an der Galerie Indépendance vun der BIL.
 
Blue Mountains | Red Rocks  – sou heescht d’Ausstellung, an där d’Sandra Lieners Wierker, déi an Australien entstane sinn an ee reegen Dialog setzt, mat Molereien, déi weisen, wéi si déi nei Schaffmethoden um Lëtzebuerger Terrain vun de Red Rocks, also den Terres Rouges  ëmgesat huet. Wärend hirer Zäit an Australien, um Bord vum Wollemi Nationalpark, hat d’Sandra Lieners sech intensiv mat der Relatioun tëscht Mënsch a Natur beschäftegt.
 
Déi vill nei Andréck an Aflëss hu si zu Kompositiounen am Stil vu monumentale Collagen inspiréiert, an deenen Zitater aus der Konschtgeschicht mat urbanen a natierlechen Elementer verschmëlzen. Ma d’Sandra Lieners huet an Australien och eng speziell Technik ganz nei fir sech entdeckt, nämlech d’Cyanotypie – ee fotografescht Drockverfaren, och bekannt als Blodrock. Fir hir Wierker huet si vill mat endemesche Planze geschafft, déi si an der Géigend ëm hiren Atelier fonnt hat.
 
Hir Ausernanersetzung mat deene verschiddene Kontexter a Kulturen op zwee komplett verschiddenen Territoiren hunn d’Kënschtlerin net just nach méi experimentéierfreedeg gemaach, ma och ganz nei Reflexiounen ausgeléist.
 
Nach bis de 4. Oktober kann een d‘ Expo Blue Mountains | Red Rocks an der Galerie Indépendance an der Stad entdecken. Dat vu méindes bis Freides vun 8:00 – 18:00.
 
Den 20. September um 18 Auer steet dann och eng Visite Guidée mat der Kënschtlerin perséinlech um Programm.