De Lëtzebuerger Filmfong mécht zesumme mat RTL en Appell fir nei audiovisuell Projeten an annoncéiert véier nei Konzepter, déi een ënnerstëtzt.

An engem Schreiwes vum Lëtzebuerger Filmfong a vun RTL steet, dass een d’Entwécklung vu Serië wëll encouragéieren. Den Appell riicht sech u Produzenten, Realisateuren, Zeenaristen an all aner Persounen, déi zu Lëtzebuerg am Film schaffen.

Zwee Projeten ausgeschriwwen

Insgesamt goufen zwee Projeten nei ausgeschriwwen, dat fir eng Serie vum Genre Doku-Fiktioun oder en historeschen Documentaire a fir eng Fiktiouns-Serie. Den Detail vun den zwee Appeller fënnt een am Schreiwes vum Filmfong a vun RTL.
Den Delai, fir en Dossier anzereechen, ass den 31. Dezember 2024.

RTL

Véier Projeten zeréckbehalen

De 26. Juni huet déi gemeinsam Kommissioun vum Lëtzebuerger Filmfong zesumme mat RTL véier audiovisuell Projeten zeréckbehalen. D’Projete gi mat jeeweils 40.000 Euro ënnerstëtzt:

  • D’Serie "Where is Billy?" vum Kim Schneider
  • Eng Serie vun online Documentairë vum Anne Schiltz mam Numm "Service Logement"
  • D’Online-Animatiounsserie “Wurst News" vum John-Paul Gomez
  • "Love in Luxembourg" vum Kim Schneider, eng Doku-Serie

RTL