Wien zu Esch ënnerwee ass, begéint eng grouss Plastiksbull un der Fassade vun der Gemeng. Dës Installatioun, zesumme mat enger Ausstellung an der Konschthal, befaassen sech mam Thema Doheem.

Ënnert dem Titel Dis-placed huet sech d’Konschthal zu Esch un d’Programmatioun vun der Architektur-Biennale geknëppt, an dat mat zwee ganz aussergewéinleche Konschtwierker, eng Kéier am ëffentleche Raum an eng Kéier am Depot vun der Konschthal.
"Dis-placed ass eng Expo vun der Konschthal, déi driwwer nodenkt wéi sech d’Konzept vun Doheem haut verännert, entweder fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, wat geschitt, wann ee seng Virstellung vun Doheem opgëtt oder muss opginn. D’Oase Nummer 7, déi hei hänkt, ass am Fong deen utopeschen Deel dovunner", seet de Christian Mosar, Direkter vun der Konschthal.

Se ass net ze iwwersinn. Un der Fassad vun der Gemeng zu Esch hänkt zënter Ufank Juli eng grouss Plastiksbull. D’Oase Nummer 7 ass vum Kënschtler an Architekte-Grupp Haus-Rucker-Co entwéckelt ginn. De Grupp, deen an de 1960er Joren entstanen ass, huet iwwerluecht, wéi een d’Stadbild an d’Wunnen an der Stad verännere kann. De Christian Mosar:
 
"An zwar op eng ganz onkonventionell Manéier, andeems datt se Architektur mat Géigewaartskonscht gekräizt hunn, wat deemools ganz nei war. Souwisou Géigewaartskonscht war eppes ganz Neies an dat ass eppes, wat een zum Beispill och an hire Materialie gesäit. Si hu ganz vill Plastik benotzt a si hu Plastiksbullen entstoe gelooss, kleng Plastiksbullen, grousser, riseger wéi déi hei zu Esch. Domat hu se symbolesch, awer och am Stadraum, nei Modeller fir Architektur an zesummeliewen entwéckelt."
 
D’Bull un der Fassad huet en Duerchmiesser vu 7,8 Meter a bannendra sinn zwou Palmen an eng Hängematt. Well et de siwente Modell ass, dee si kreéiert hunn, fënnt een och déi Zuel op engem klenge Fändel erëm.

"An et geet dreems, ze soen, an de 1970er Joren, ganz vill Leit wollten aus de Stied fort. Si hu gemierkt, dass d’Metropolen, d’Groussstied net méi liewenswäert wieren. Domadder hu se dann ugefaangen, och wäit ze reesen. Déi Flucht an déi Sich no Exotik, déi Sehnsucht no Exotik, dat ass, wat hei thematiséiert gëtt a wat soll ëmgekippt ginn. Haus- Rucker seet 'Bleift an de Stied a probéiert, d’Stied liewenswäert ze maachen amplaz op d’Inselen ze flüchten, op d’Oasen'", esou den Direkter vun der Konschthal.

D’Wierk ass 1972 op der Documenta zu Kassel gewise ginn. Hei houng se um Friderizianum, den éischten an eelsten ëffentleche Musée an Europa. An och hei hat een de Kontrast tëschent der Plastiksbull an dem historesche Gebai aus dem 18. Joerhonnert. E Kontrast, deen een och zu Esch mam Stadhaus vun 1937 huet.

Eng Holzhütt mat enger traureger Geschicht

Am Depot vun der Konschthal steet eng Holzhütt mat enger besonnescher Geschicht. Se kënnt aus enger ländlecher Regioun a Georgien, wou Mangan-Erz aus dem Buedem geholl gëtt, an zwar an oppene Minnen. Wat bedeit, datt ganz vill Dierfer no an no verschwannen an ofgerappt ginn. De Christian Mosar erkläert:

"Et sinn och Privatgeschichten, déi dobäi verschwannen. Et ass net déi grouss Geschicht, déi hei erzielt gëtt, also déi historesch Geschicht, mee et ass déi vu Famillen a Familljememberen, vun der Vergaangenheet, vun den Dierfer, vun de Leit, déi do gewunnt hunn, déi hien thematiséiert."

De Charles Wenning vun der Konschthal ergänzt dëst: "Georgien ass e Land, wat och staark am Ëmbroch ass, wou een och politesch gesäit, wéi déi eng un der Vergaangenheet festhalen a villäicht déi méi Jonk sech wëllen ëffnen. Ech mengen dat war och en Deel beim Opbau, well et e flotte Prozess ass, ze gesinn, wéi een awer trotz allen Differenzen et fäerdeg bréngt, innerhalb vun engem Mount en Haus aus Georgien, wat net zur Communautéit gehéiert, eriwwer kritt hei an Europa, also dat war schonn e spannende Prozess."

De georgesche Kënschtler Vajiko Chachkhiani weist hei eng Neioplag vun der monumentaler Installatioun, déi 2017 fir de georgesche Pavillon op der Biennale zu Venedeg entstanen ass.

De Kënschtler huet de Banneraum zu engem prekäre Raum ëmgewandelt andeems et banne reent. D’Wierk erzielt nämlech och d’Geschicht vun enger zweeter Katastroph, nämlech de schroen Iwwerschwemmungen 2015 zu Tiflis. Deemools gouf den Zoo iwwerschwemmt an iwwer 1.000 Déiere sinn erdronk, dorënner och d’Léiwen. Den Titel vum Wierk "Living dog among dead lions" ass eng Uspillung dorunner.

"Ee vun de Léiwen, en Albino-Léiw, dee vu senger Mamm zeréckgestouss gi war, huet fir ze iwwerliewe vun den Zooleit e klengen Hond u seng Säit kritt an en huet ëmmer mat deem Hond gelieft. Wéi d’Iwwerschwemmung koum an de Léiw ass gestuerwen, huet den Hond iwwerlieft. Also, et ass eng ganz traureg Geschicht an e bëssen déi Trauer an dat Trauregt ass natierlech och eppes, wat een hei direkt spiert wann een erakënnt", fënnt de Christian Mosar.