Wou ass de Weekend eng lass?

© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)
Dëse Weekend sinn eng sëlleg Eventer uechter de Grand Duché.
All Musekliebhaber oder BD Fanatiker kënnt de Weekend vum 19. bis 21. Juli op säi Goût. Sief et op engem Museksfestival oder aneren Evenementer, an der Stad, am Süden oder am Osten. Hei sinn eis Top 5.
Flow Music Festival (Freideg bis Sonndeg)

© Flow Music Festival
Ganz an de Flow vun elektronesche Beats kënnt een dëse Weekend am Park um Belval. Vum 19. bis den 21. Juli ass déi 4. Editioun vum Flow-Music-Festival. Um Line-Up stinn e puer méi etabléiert lëtzebuergesch Bands awer och vill jonk Artisten. Gläichzäiteg sinn awer och en Design Maart a Workshops mat dobäi. De ganze Line-Up a weider Informatioune fannt dir hei.
Blues n' Jazz Rallye (Samschdeg)
© Visit Luxembourg
De beléifte Musek Rallye ass zeréck! Dëse Samschden, den 20. Juli, steet d’Alstad vu Lëtzebuerg nees ganz ënnert dem Numm vum Blues an Jazz. Zanter 1995 gëtt de Gronn, de Paffendall a Clausen ee Mol d’Joer a kleng a grouss Bünen opgedeelt, fir dem Public e flotten Owend mat gudder Stëmmung ze bidden.
30e International Comics (Samschdeg bis Sonndeg)

© Yoann
Dee beléifte Rendez-vous fir BD-Fans feiert scho seng 30 Joer. Och dëst Joer ass den internationale Bande-Dessinée-Festival nees zu Conter. Illustratiounen, Gesang, Animatioun an Aussteller dorënner ronn 50 international Auteuren an 10 Lëtzebuerger Auteure si mat dobäi. Den Highlight ass eng grousser BD-Parad um Sonndeg.
Festival Sete Sóis Sete Luas (Freideg bis Samschdeg)

Déi mediterran Kultur fënnt mam Festival Sete Sóis Sete Luas säi Wee op Esch. Am Kader vun der Biennale 2024 feiert de Festival seng 31. Editioun. Ronn 30 Stied aus 12 portugisesch sproochege Länner hu sech zu Esch zesummegedoen, fir dem Public hir Kultur mat Musek méi no ze bréngen. Déi genee Artiste fannt Dir um Site vum Festival.