Déi 10. Oplo vum Museksfestival ass e Freideg den Owend am Mäerter Park. Start ass ewell ëm 17 Auer. Den Entrée ass fräi.

Den zéngten Eastcoast-Festival ass dee fënneften, dee matten am Park zu Mäertert ass. Den Optakt mécht ëm 17 Auer eng Afterwork-Party mat dem Dr Gonzo.

Headliner ass dëst Joer ganz kloer déi däitsch Band H-BLOCKX. De Lëtzebuerger Lineup ka sech awer och weise loossen: Der Däiwel, One Last Time an den Alex Breidt. Eng Nouveautéit: Nom Headliner gëtt et eng Eletronic Dance Party mat de Lëtzebuerger DJe Waztoo, Skit an F/A/B.

RTL

Der Däiwel ... trieden och zu Mäertert am Park op.

H-BLOCKX feiern dëst Joer den 30. Jubiläum vun hirem Album "Time to Move": 62 Wochen an den Charts, méi wéi 750.000 Mol verkaaft an als "Album vum Joer" ausgezeechent. Zu hiren Hits zielen "Move", "Risin‘ High", "Little Girl" a "Go Freaky".

Den Entrée ass den 19. Juli fräi, et gëtt e Late-Night-Bus (www.latenightbus.lu) an e Food Village mat 5 Food-Trucken.