Et ass ee vun de weltwäit gréisste Festivalle fir duerstellend Konscht. Den Off-Festival vun Avignon.

Entstanen 1966 ëm dee sougenannten In-Festival.

Zanter gutt zwou Woche gëtt a Südfrankräich nees ëm d'Wett gespillt, gedanzt, gesongen a rezitéiert. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees mat véier Produktiounen aus der offizieller Selektioun um Festival vertrueden, dorënner "Corps au bout du monde" vu Maskenada an "GO!" vun der Compagnie Corps In Situ.

Am Reportage hu mer d’Lëtzebuerger Kënschtler begleet a gesinn, wie si dëse grousse Festival erliewen. Stress, Spaass a Passioun fir d'Konscht. De bekannte Festival zu Avignon verlaangt alles vun de Kënschtler.