Bekannt aus "The Big Bang Theory"
US-Komiker Bob Newhart gestuerwen

D'Karriär vum Bob Newhart huet scho fréi ugefaangen. Elo ass hien am Alter vu 94 Joer verstuerwen.
De Bob Newhart ass 1929 am US-Amerikanesche Staat Illinois gebuer ginn. An de Sechzeger Joren ass hie mat engem Comedyalbum bekannt ginn an hat duerno eng eege Show op der Tëlee. Och am héijen Alter huet den Amerikaner a ville Filmer a Serië matgespillt. E puer Optrëtter hat hien och an der beléifter US-Sitcom "The Big Bang Theorie" an der Roll vum "Professer Proton".
Dem Bob Newhart seng Fra ass d'lescht Joer verscheet. Hien hannerléisst véier Kanner.
Am meeschte gelies