Eventer a Festivallen zu Lëtzebuerg
© Sebastian Mark
Summer zu Lëtzebuerg heescht och Zäit fir Evenementer a Festivallen.
Ob fir déi Kleng oder Grouss, de Programm ass gutt gefëllt déi nächst Méint. Domat Dir näischt verpasst, hei eng kleng Iwwersiicht:
Echterlive - de 26. bis 28. Juli

© Liz Wolter
Net nëmmen duerch d’Sprangprocessioun ass Iechternach bekannt, ma och fir hire populäre Museksfesival Echterlive. De Weekend vum 26. Juli kann een hei rëm vun engem villsäitege Programm zu Iechternach profitéieren. Haaptacteure sinn dëst Joer zwee däitsch Museker, de Wincent Weiss an d’Lena Meyer-Landrut. E Sonndeg den 28. Juli sinn dann nëmme Lëtzebuerger Artiste vertruede mat ënner anerem den dräi LSC-Finalisten a Finalistinnen. Den detailléierte Programm fannt dir um Site vum Trifolion.
Hariko Beach Festival - den 4. August

© Hariko Esch
Frou Kanner, gutt Stëmmung a Concerten an dat un engem fräien Dag? Den “Hariko Beach Festival” zu Esch erméiglecht dat de 4. August. Kanner a Famille kréien divers Aktivitéiten, Konscht a Musek ugebueden. Vu Volleyball bis Facepainting an Danzspektakelen ass bal alles mat dobäi. De genee Programm fannt dir hei.
e-Lake - den 9. August bis den 11. August
Elake Aftermovie 2023
Ee vun de bekanntsten August Rendez-vousen ass den e-Lake festival zu Iechternach. Op de Büne sinn net nëmmen national, ma och international Kënschtler. Dräi Deeg gëtt ronderëm de Séi op Pop, Hip-Hop a Rock'n'Roll an House gedanzt. De Line-Up ass op hirem Site ze fannen.
Summerdream Festival - den 10. August

© Summerdream Festival
Mat senger drëtter Editioun kënnt och dëst Joer de “Summerdream Festival” den 10. August nees op Stengefort an de Mirador. Vu Workshoppen, Liesungen, Theaterstécker, Animatioune fir Kanner an dat bei gudder Musek, ass alles dobäi, wat ee brauch, fir en entspaanten Dag ze verbréngen. All d'Informatioune fannt Dir um Site vum Summerdream Festival.
Biggi Festival - den 31. August bis den 1. September

Biggi Festival – esou heescht den neie Festival zu Wolz. De leschte Weekend am August ass déi aller éischt Editioun a wéi et sech fir e Festival gehéiert, kritt een hei och d’Méiglechkeet vun engem Camping. Um Line-Up stinn nieft dem MAZ Univerze nach aner Lëtzebuerger Artisten, wéi den DIFINO oder MISOLEY.
LOA - den 13. September bis 14. September
LOA Aftermovie
Mat dräi Büne geet d’Saison vum Luxembourg Open Air dëst Joer op en Enn. Op der Place de l’ Europe, hannert der Philharmonie, ass nees fir zwee Deeg Festival Stëmmung ugesot. Mat Headliner aus der internationaler DJ Zeen wéi de Vini Vici, Da Tweekaz, dem Duo Sunnery James & Ryan Marciano oder DubVision iwwerzeegen si all Elektronik Fan. Fir déi wou awer méi wei klassesch elektronesch Musek wëllen, gëtt et d'Rave Cave mat Techno, Drum and Bass, Hardcore oder Hardstyle.