Nei Ausstellung feiert dem Alfredo Cunha säi Liewenswierk
"Alfredo Cunha, photographe. 50 ans de carrière" heescht déi nei Ausstellung, fir déi den 18. Juli de Vernissage organiséiert gouf.
Bekannt ginn ass de portugisesche Fotograf duerch seng Aarbecht wärend der sougenannter "Nelkerevolutioun", déi de 25. Abrëll 1974 a Portugal war. Seng Foto-Dokumentatioun vun dësem historeschen Dag huet den Tour ëm d'Welt gemaach a resonéiert och haut nach mat der Audienz.
Zanterhier huet hie sech als Fotojournalist etabléiert an huet vu Mosambik iwwer Guinea-Bissau bis Rumänien an Irak schonn alles viru senger Lëns gehat. Dëst Joer ass de 50. Anniversaire vun der Nelkerevolutioun an domat och vum Ufank vum Alfredo Cunha senger Karriär. Dofir huet den Nationalmusée eng Ausstellung aus Portugal iwwerholl, déi een zanter dem 19. Juli kann um Fëschmaart gesinn.
Gewise gi Fotoen, déi am Laf vum Fotograf senger Karriär entstane sinn – dat, awer net a chronologescher an och net a geographescher Reiefolleg, mä thematesch. Zesummegestallt gouf se vum Curateur David Santos.
D'Ausstellung "Alfredo Cunha, photographe. 50 ans de carrière" kann een nach bis de 5. Januar 2025 am Nationalmusée um Fëschmaart gesinn.