"Xanti Schawinsky: Play, Life, Illusion — a Retrospective + Monster Chetwynd: Xanti Shenanigans" esou nennt sech déi nei Expo am Mudam. Et ass en Hommage un de Kënschtler Xanti Schawinsky.

De Schwäizer Kënschtler Xanti Schawinsky ass bekannt fir seng villsäiteg a multimedial Wierker. Vu Molerei bis Fotografie, Theater a Zeenografie, Grafiken an Typographien huet de Kënschtler näischt ausgelooss. D’Expo am Mudam bitt engem eng Retrospektiv op seng Konscht. 
 
Seng fréier Wierker si markéiert duerch seng Zäit am Bauhaus an den ugangs 1920er Joren. Spéider beschäftegt de Kënschtler sech mat der Beweegung vum Vir- a Nokrichsmodernismus an Amerika an Europa. An de 40er Joren huet en dann éischter surrealistesch Tendenzen gewisen. 
 
Gebuer ass de Kënschtler 1904 zu Basel. Aus dem Kölner Architektebüro huet de Xanti Schawinsky säi Wee an d’Berliner Konschtschoul fonnt. Kuerz duerno huet et en awer an d’Bauhaus zu Weimar an et huet hien op Dessau gezunn, wou hien d’Chance hat vum Paul Klee, Walter Gropius a Wassily Kandinsky ze léieren. Säi Fokus loung hei awer um Theater zesumme mam Choreograf a Kënschtler Oskar Schlemmer. Hei huet hien ugefaangen, d’Konzept vum “Spectodrama” ze entwéckelen. De geneeë Prozess ass och am Mudam dokumentéiert. Mat dëser Kombinatioun aus Theater, Pantomime, Danz, Musek a visueller Konscht huet hien den Totaltheater mat ageleet. Dëse multimedialen Theater huet sech vum gewéinlechen Theater wollten trennen, andeems e mechanesch Beweegungen op eng ästhetesch Manéier presentéiert huet.

RTL

© Michèle Back

RTL

© Mareike Tocha

Nom Bauhaus huet de Xanti Schawinsky weider am Theater, der Fotografie a Molerei geschafft. Duerch eng Aarbecht als Grafiker fir eng Zeitung zu Magdeburg huet hie sech mat der Konscht vun der Grafik vertraut gemaach. Dëst ass him zu Gonschte komm, wéi hien an de Mëtt 30er Jore virun de Nazien an Italien geflücht ass. Hei huet ee fir eng italieenesch Zäitschrëft geschafft huet. Seng Grafike goufen als innovativ ugesinn duerch hir Influenz vum Bauhaus-Stil. E puer vun dëse Wierker sinn och Deels vun der Expo am Mudam. An där Zäit huet hie souguer d’ Schrëft “Xanti32” entwéckelt, déi haut nach vill benotzt gëtt ënnert dem Numm “Xants”.

RTL

© Michèle Back

Spéider huet et de Schawinsky an Amerika verschloen. Als Professer um Black Mountain College a North Carolina war hien aktiv an ass mat der Performance Konscht a Kontakt komm, wat perfekt zu senger Iddie vum Theater gepasst huet. Hei huet de Kënschtler sech weider mat sengem “Spectodrama” auserneegesat an huet weider mam Bauhaus-Verständnis vum zeenesche Raum experimentéiert. Spéider huet en zu New York op der Universitéit geschafft an huet hei seng éischter faarweg Krichsgesiichter gezeechent, eng Mëschung aus Arméisgefierer an dem Gesiicht. Dës sinn och an der Kollektioun vum Mudam. An de 50er Joren huet e mat “Dance Paintings” an “Track Paintings” iwwerzeegt. Wéi et sech fir Happenings an der Konschtgeschicht gehéiert, sinn dës Wierker duerch e bësse méi kreativ Techniken entstanen. Fir seng “Track Paintings” ass e mat engem Auto iwwer Faarf, an duerno iwwert eng Leinwand gefuer. 

RTL

© Mareike Tocha

RTL

© Mareike Tocha

Zeréck an Europa an de 60er Joren huet en seng “Eclipses”-Serie ugefaangen. Hei huet de Xanti Schawinsky Pabeier zerkniwwelt an e mat enger Airbrush-Pistoul eng zoufälleg strukturell Landschaft kreéiert. An de “Sphere Paintings” huet e mat der Dräidimensionalitéit gespillt. Och dës grouss Wierker sinn an der Expo am Mudam ze gesinn.

RTL

© Mareike Tocha

RTL

© Mareike Tocha

1979 ass de Schawinsky zu Locarno gestuerwen. Wärend sengem Liewen hat hien eng sëlleg Ausstellungen uechter Europa an Amerika. No sengem Doud waren seng Wierker awer bis 2013 gréisstendeels net accessibel a sinn eréischt bei enger Ausstellung vum Bauhaus zu Dessau erëm entdeckt ginn.

Fir seng Liewenswierker anzeleeden, huet d’Kënschtlerin Monster Chetwynd eng Installatioun inspiréiert um Schawinsky senger Opfaassung vu Konscht kreéiert ënnert dem Titel “Xanti Shenanigans”. Dës ass am Foyer vum Mudam a verbënnt déi zwee Ausstellungsraim. Si huet zum Schawinsky senger Éierung seng “Track Painting” Wierker a senger Opfaassung vum mobillem Theater op hir eege Manéier an an enger spillerescher Inzenéierung rekonstruéiert.
 

RTL

© Michèle Back