Strooss vun Hormus zouIranesch Revolutiounsgarden dreeë mat Beschoss vun alle Schëffer

RTL mat AFP
D'Lag an der Strooss vun Hormus eskaléiert weider: no neie Restriktiounen huet den Iran en Tanker attackéiert an dreet mat weideren Ugrëff.
Pakistan gëtt sech iwwerdeems weider drun, als Vermëttler tëscht de Krichsparteien ze agéieren.
© -/AFP

Déi iranesch Revolutiounsgarden hu mat Attacken op all Schëffer gedreet, déi probéieren, duerch d'Strooss vun Hormus ze fueren. "All Versuch, bei d'Strooss vun Hormus ze kommen, wäert als Kooperatioun mam Feind ugesi ginn", hunn d'Revolutiounsgarden e Samschdeg an enger Erklärung op hirem Site "Sepah News" erkläert. All Schëff, dat op de Mierespassage zoufuere géing, géing "an d'Viséier geholl ginn". Kee Schëff soll seng Plaz am Persesche Golf oder dem Golf vum Oman verloossen. Dëst sinn déi zwee Mieresgebidder, déi duerch d'Strooss vun Hormus verbonne ginn.

Nëmmen een Dag, nodeems den Iran annoncéiert hat, de Mierespassage wëllen opzemaachen, koum e Samschdeg de Moien d'Nouvelle, datt nees méi streng kontrolléiert gëtt. Ursaach dovunner ass, datt d'USA nach ëmmer iranesch Häfe blockéieren.

Iranesch Boter hu kuerz drop op en Tanker an der Strooss vun Hormus geschoss, wéi eng brittesch Maritim-Sécherheetsagence gemellt huet. De Kapitän vum Tanker huet uginn, datt hie 37 Kilometer nordëstlech vum Oman vun zwee Booter vun de Revolutiouns-Garden approchéiert gouf.

Ouni eng Warnung iwwer Funk hätten dës dunn "op den Tanker geschoss", esou de UK Maritime Trade Operations Centre an enger Online-Erklärung. Den Tanker an d'Crew wiere sécher an d'Autoritéite géingen den Tëschefall elo ënnersichen, heescht et weider.

E Freideg hat den Iran no der Annonce vun der Wafferou tëscht dem Israel an dem Libanon nach uginn, d'Hormus-Strooss wëlle fräi ze ginn. Den amerikanesche President Donald Trump hat dëst begréisst, mee trotzdeem un der Blockad vun den iraneschen Häfe festgehalen. Hie wéilt déi duerchzéien, bis datt een Accord mat Teheran fonnt wier, sou den US-President.

Back to Top
CIM LOGO