Rekordzomm a FrankräichBild vum Claude Monet gouf fir 10,2 Milliounen Euro versteet

AFP, iwwersat vun RTL
A Frankräich gouf nach ni esou vill Sue fir e Monet-Bild ausginn. Géint e Verkaf vun engem anere Monet-Wierk an den USA war d'Bild awer richteg gënschteg ze kréien.
D'Bild "Vétheuil, Effet du Matin (1901)" vum franséische Moler Claude Monet, wéi et zu Paräis fir d'Stee ausgestallt gouf.
D’Bild “Vétheuil, Effet du Matin (1901)” vum franséische Moler Claude Monet, wéi et zu Paräis fir d’Stee ausgestallt gouf.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

E Bild vum franséischen Impressionist Claude Monet gouf zu Paräis fir knapp 10,2 Milliounen Euro versteet. Bis ewell huet nach kee Monet-Wierk bei enger Stee a Frankräich esou vill Suen abruecht wéi “Vétheuil, effet du matin”. Dat huet d’Auktiounshaus Sotheby’s matgedeelt. An de ronn 10 Minutten, an deenen d’Stee gelaf ass, gouf et e richtegen Duell ëm d’Wierk, dat ëm 1901 entstanen ass.

E weidert Wierk vum Impressionist “Les Iles de Port-Villez” aus dem Joer 1883 gouf bei der Stee fir 6,45 Milliounen Euro verkaf. Déi zwee Biller ware bis ewell an enger privater Sammlung a waren zanter iwwer honnert Joer net méi an der Ëffentlechkeet ze gesinn. “Vétheuil, effet du matin” war virun der Stee op sechs bis aacht Milliounen Euro geschat ginn. De geschate Wäert vun “Les Iles de Port-Villez” louch bei dräi bis fënnef Milliounen Euro.

Bild vum Claude Monet gouf fir 10.2 Milliounen Euro versteet
Zwar gouf a Frankräich nach ni esou vill Sue fir e Monet-Bild ausginn. Géint e Verkaf vun engem anere Monet-Wierk an den USA war d’Bild war richteg gënschteg ze

Géintiwwer engem Wierk vum Monnet, deen tëscht 1840 an 1926 gelieft huet, waren dës Biller richteg gënschteg ze kréien. 2019 hat Sotheby’s d’Bild “Meule” zu New York fir 110,7 Milliounen Dollar versteet. Et gehéiert zu der bekannter Serie vu Biller, op deenen de Monet Heebotte gemoolt huet, déi ëmmer bei anerem Liicht a bei anerem Wieder duergestallt waren.

Back to Top
CIM LOGO