
Zu Völklingen am Saarland gouf et an der Nuecht op e Samschdeg eng staark Detonatioun. D’Police huet duerno een Doudegen a véier Schwéierblesséierter ënnert enger Foussgängerbréck fonnt.
E Mann ënnert den Affer wier nach op der Plaz u senge schlëmme Blessure gestuerwen, zwou weider Persoune schwiewen a Liewensgefor, heescht et vun engem Policespriecher.
Awunner hate kuerz no Hallefnuecht de Beamten gemellt, et hätt een eng staark Explosioun an dunn eng Persoun ëm Hëllef ruffen héieren. Déi genee Ursaach vun der Detonatioun bleift awer nach onkloer.
D’Onglécksplaz an der Ënnerféierung ass den Ament groussraimeg ofgespaart. Et géif, der Police no, keng Gefor fir d’Leit ronderëm.