Och nees Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Affiche vum Off-Festival zu Avignon
Déi südfranséisch Stad Avignon ass net just fir hire "Palais des Papes"an de "Pont d‘Avignon" bekannt, ma och fir hire renomméierten Theaterfestival.
All Joers am Juli lackelt net just deen offiziellen IN, ma och den OFF-Festival dausende Kënschtler a Fans vun der zäitgenëssescher duerstellender Konscht op Avignon. Mat ganzer 8 Produktiounen a Co-Produktioune war och Lëtzebuerg dëst Joer nees gutt um OFF-Festival vertrueden. Dorënner "Corps au bout du monde" vu MASKéNADA a "GO!" vun der Compagnie In Situ.
1.666 Spektakele vun 1.316 Compagnien opgefouert an 141 Theateren – net fir näischt gëtt den OFF-Festival vun Avignon och als turbulente Brudder vum offiziellen In-Festival betitelt. Franséisch awer och international Schauspiller, Dänzer, Auteuren a Museker plakatéieren d’Stad voll a konkurréieren mat vollstem Asaz ëm Public. Sou och d’Marion Rothhaar an d’Rahel Jankowski, déi mat der MASKéNADA Produktioun fir d’éischte Kéier bei deem weltberüümte Festival dobäi waren.
Ganzer 14 Mol gouf d’Kreatioun "Corps au bout du monde", déi vun der Marion Rothhaar konzipéiert gouf, zu Avignon opgefouert. Ee Stéck, dat dovun erzielt, wat et fir jonk Mënsche bedeit dem System Spëtzesport ausgeliwwert ze sinn. Et weist awer och d’Schéinheet vun deem Sport, mat deem d’Marion Rothhaar - déi 1988 bei den olympesche Spiller zu Seoul ugetruede war - hir Jugend verbruecht huet. Rieds ass vun der rhythmescher Sportsgymnastik.
Speziell fir de Festival vun Avignon gouf d‘Theaterkreatioun vun der Peggy Hamann an der Lola Molina aus dem Däitschen an d‘Franséischt iwwersat an an Zesummenaarbecht mat engem franséische Regisseur un déi reduzéiert Spillzäit ugepasst.
Deel vun der offizieller Selektioun vu Lëtzebuerg fir den OFF-Festival zu Avignon, war och déi d’ Danzproduktioun "GO!" vun der Compagnie Corps In Situ. Eng spilleresch Choreographie aus Danz a Kampfsport, an där et virop ëm de géigesäitege Respekt geet. Déi zwee Dänzer a Performer Youri de Gussem a Ville Oinonen representéieren zwee Jongen, déi ee vun deem anere léieren, vu senge Stäerkten a Schwächen, ouni dass et e Gewënner oder e Verléierer gëtt.
Och wann d’Participatioun um Festival natierlech mat Stress an engem gewësse Leeschtungsdrock verbonnen ass, fir si an d’Choreographin Jennifer Gohier war et eng immens besonnesch a wichteg Erfarung hei dobäi gewiescht ze sinn.
Den 21. Juli ass déi 58. Editioun vum OFF-Festival op en Enn gaangen, ma och d‘nächst Joer wäert ee nees Lëtzebuerger Kreatiounen zu Avignon entdecke kënnen.