Déi 10. Editioun vun der Luxembourg Art Week um Glacis

© Laurent Sturm
D'Luxembourg Art Week feiert dëst Joer hiren 10. Anniversaire. Dëst vum 22. bis de 24. November. D'international Foire fir zäitgenëssesch Konscht ass méi grouss wéi jee.
Mat der "X" Editioun huet si net nëmmen en neien Design, eng nei Schrëft a Faarwen, ma och eng ganz Rei nei Aussteller si mat dobäi. Den Titel "X" ass méi wéi just eng Referenz un déi réimesch Zuel, e steet och fir déi geografesch Lag vu Lëtzebuerg als Schnëttpunkt vun Europa a fir hir innovativ an zukunftsorientéiert Natur.
Am Mëttelpunkt steet d’Thema vu Gesellegkeet a Proximitéit mat der Fro, wéi geselleg Interaktiounen eis Perceptioun an dësem digitalen Zäitalter beaflossen. Wichteg ass fir d'Luxembourg Art Week den nationalen an internationale Kader vun Acteuren aus der Konschtzeen. Dofir sinn Aussteller aus 17 Länner a 5 Kontinenter vertrueden, vu Südamerika bis Tokyo, Singapur a Beirut bis op New York.
Fir den Anniversaire sinn an deenen zwee Raim am Ganze 77 Galerien a Kënschtlerkollektiver. 22 dorënner si fir déi éischt Kéier vertrueden. Nieft dem Haaptdeel mat 56 Kënschtlerkollektiven a Galerië ginn et och dëst Joer erëm Aussteller am Deel fir nei Artisten, dem "Take Off".
Et geet awer och iwwer d'Ausstellungsraim um Glacis eraus. Wien duerch d’Stad trëppelt, fënnt verdeelt eng Rëtsch Skulpturen. Dës gehéieren och zu der Foire. Ma net nëmmen ënner fräiem Himmel fënnt ee Konscht, mee och an eidel stoenden an aktive Butteker fanne sech Wierker. Mat dësem ganz neien "Capsule-Projet" kënnen d’Visiteure vum Glacis bis op d'Stater Gare Vitrinnen a kleng ëmfonctionéiert Ausstellungsraim ukucken.
De Grënner Alex Reding wéist sech houfreg am Communiqué de presse. Hie betount, datt de Succès vun der Luxembourg Art Week no deene puer Joer sech dorop berout, datt déi ganz Zeen sech zesumme gesat huet. Doduerch wier eng dynamesch an inklusiv Plattform entstanen, déi duerch d’ganz Land hiren Uklang fënnt.
Dësen alljärlech Rendez-vous ass net nëmmen intressant fir de Public, ma och eng wichteg Occasioun fir den Austausch tëschent Kënschtler, Sammler, Galeristen an Institutiounen.
Dofir markéiert Iech déi 10. Editioun vun der Luxembourg Art Week vum 22. bis de 24. November mat engem "X" am Kalenner.