Konscht an der Méckenheck
Zu Bierchem leeft de Moment eng Ausstellung vun der besonnescher Zort. An Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Kënschtlerinnen Anouk Kieffer, Anne-Marie Grimler an Yvette Rischette, huet d'Gemeng Réiser aus engem eidelstoende Bauerenhaus an der Méckenheck-Strooss eng Vitrinn fir Lëtzebuerger Konscht gemaach. Nieft den Organisatricen, presentéiere Kënschtler wéi den Daniel Mac Lloyd, de Yannick Tossing, d'Florence Hoffmann oder de Rol Steimes hei hir Wierker.
An net méi wéi zwee Méint hu ganzer 44 Lëtzebuerger Kënschtler d'Haus op der Nummer 16 an der Rue Méckenheck an eng konterbont Konschtgalerie verwandelt an deenen ale Gemaier ganz neit Liewen agehaucht. Vum Schwäistall, iwwer d'Scheier, bis an de Gaart, an all Eck kann een an en anere kënschtleresche Kosmos andauchen.
Op ronn 1.700m² féiert d'Expo engem also eng grouss a villfälteg Bandbreet u zäitgenësseschem Lëtzebuerger Konschtschafen. Vun der Skulptur iwwer d'Fotografie bis zum Graffiti, et ass vun allem dobäi.
D'Iddi fir sou e Projet ze realiséieren, gouf et an der Réiser Gemeng scho méi laang, ma et huet een op déi richteg Geleeënheet a virun allem op déi gëeegent Plaz gewaart.
Den Organisatricë war et awer och immens wichteg, d'Geschicht vun deem ale Bauerenhaus mat anzebannen a spierbar ze maachen. Sou ginn et uechter d'Haus al Fotoe vun de Raimlechkeeten ze entdecken an et gëtt een och eppes iwwer déi verschidde fréier Bewunner gewuer.
Nach bis de 4. August, vu Freides bis Sonndes, huet een Zäit fir d'Konscht an der Méckenheck zu Bierchem ze entdecken. D'Diere sinn op vu 15 Auer bis 20 Auer.