Duerch en Zoufall huet e brittesche Konschthistoriker e bekannten Tablo aus dem 16. Joerhonnert erëmfonnt. Dat beim Scrollen duerch d'sozial Medien.

Beim Scrollen op der Plattform X wier dem Konschthistoriker Adam Busiakiewicz, wéi ënnert anerem CNN mellt, eng Foto vun enger Receptioun an der Warwick's Shire Hall opgefall. Seng Opmierksamkeet hätt hei awer net de Mënsche gegollt, mä éischter dem Hannergrond. Op der Foto, déi vum Tim Cox, dem Lord Lieutenant of Warwickshire gepost gouf, hänken nämlech eng Rei Tabloen, dorënner och dee vum Henry VIII.

Den Tablo wier dem Konschthistoriker direkt an d'A gesprongen, well d'Wierk net rechteckeg ass, mä den ieweschte Rand e Bou mécht. De Bou war nämlech d'Kennzeeche vun 22 Portraiten, déi e brittesche Politiker 1590 an Optrag ginn hat a vun deenen de Gros bis haut vermësst ginn. Donieft wier och d'Rumm mat deene vun de bekannten Tabloen aus der Rei identesch.

Doropshin hätt de Busiakiewicz den Tim Cox kontaktéiert, fir d'Wierk méi genee ënner d'Lupp kënnen ze huelen. Op der Plaz hat sech d'Vermuddung vum Konschthistoriker confirméiert. De Moler vun den 22 Biller ass zwar onbekannt, soll awer dacks als "de Sheldon Master" nom Politiker betitelt ginn, deen d'Portraiten ordonéiert hat. D'Konschtwierk soll CNN no elo an engem Musée zu Warwickshire County hänken.

Net dat éischt Wierk iwwer Social Media erëmfonnt

Den Tablo vum Henry VIII ass awer net dat éischt Wierk, dat de Busiakiewicz iwwer d'sozial Medien erkannt huet, wéi hie CNN géigeniwwer sot. 2018 wier hien iwwert e Bild getrollt, dat e Kolleeg op enger Hochzäit gemaach an op Instagram gepost hat. Hei hat hien e Portrait aus dem 17. Joerhonnert identifizéiert, dat vun der Kënschtlerin Joan Carlile gemoolt gi war.

"Sozial Medie sinn eng verréckt Saach, well e puer Leit notze si, fir sech Kazevideoen unzekucken an ze suivéieren, wat an der Welt geschitt an anerer wéi ech kucke sech einfach un, wat d'Leit op hire Maueren hänken hunn", esou de Konschthistoriker.

RTL

De lokalen Historiker Aaron Manning (lénks) an de Konschthistoriker Adam Busiakiewicz (riets) an der Warwick's Shire Hall. / © Adam Busiakiewicz