De franséischen Illustrateur Ugo Gattoni huet ganzer 6 Méint, 14 Stonnen den Dag fir 7 Deeg d'Woch um Poster fir d'Olympesch Spiller geschafft. Ma säi Resultat léisst sech weisen.

De 4. Mäerz gouf de Poster dem Public am Musée d’Orsay zu Paräis virgestallt an all Medailegewënner kritt och eent mat Heem. D’Wierk ass en Diptych, dat heescht et ass an zwou Partien agedeelt. Op där enger Säit sinn d'Olympesch Spiller an op der anerer d’Paralympesch Spiller. Domat ass hien deen éischte Kënschtler, deen d’Paralympesch Spiller ganz mat an de Poster eranhëlt. D’Abanne vun der Diversitéit ware fir hien an den Direkter vum Designsdépartement vu Paräis 2024, de Joachim Roncin, wichteg. Am Interview am Quotidien betount dësen, si wéilten ee ganzt Wierk kreéieren, mat der Iddi, d'Olympesch Spiller mat de Paralympeschen ze verbannen, wat e ganz staarke Message ass.

Et ass scho bal en ikonesche Poster fir d’Olympiad, opgebaut wéi e Stadion. Mat de markante Baute vu Paräis, ewéi dem Eiffeltuerm, dem Pont Alexandre lll, dem Arc de Triomphe, der Place de la Concorde an dem Grand Palais, déi entouréiert si vun der Seine am Zesummespill mat de 47 Sportaarten, déi all um Wierk vertruede sinn. Wie genee kuckt, fënnt och d’Booter vun der Arrivée op der Seine direkt nieft dem Lafcircuit oder dat typescht Paräisser Fer-forgés-Gelänner a Form vun den olympesche Réng. Och d’Surf-Kompetitioun zu Tahiti an d’Seegel-Spiller am Hafe vu Marseille sinn net vergiess ginn.

Mam Stéchwuert "wie genee kuckt" kann een d’Wierk gutt resuméieren. Et ass scho bal wéi e Spill, andeems ee sech op d’Missioun mécht, alles um Wierk erëmzefannen. D’Symbolike vun der Olympiade sinn all drop, dorënner d’olympesch Réng, de Slogan, d’Medailen, den Agitos an de Stoke Mandeville, riets uewe vum Poster op der Insel. Dëst erënnert un d’Erëffnung vun de paralympesche Spiller 1948 an England. D’Maskottche vun dësem Joer, den "Phryges", fënnt een am Ganzen 8 Mol erëm. An do kënnt d'Referenz vum "Où est Charlie?", op däitsch "Wo ist Walter?" mat an d'Spill.

De Glach vum Maskottchen an de phrygesche Kapen ass keen Zoufall. Dës Kap zesumme mam Abbild vum Marianne symboliséieren d’Fräiheet vu Frankräich. D’Marianne gëllt als Gëttin vun der Fräiheet a gëtt dacks an der Konscht fir Schéinheet, Vitalitéit a Stäerkt vum Land integréiert, wéi och am grousse Logo vu Paräis 2024. De Joachim Rocin präziséiert, datt de Maskottchen eng Geschicht erziele sollt mat der franséischer Séil an esou ass de Phryges entstanen. Och symbolesch sinn déi 8 vun 9 Fligeren, déi um franséischen Nationalfeierdag de 14. Juli iwwert d’Champs Elysés fléien net ze iwwersinn.

RTL

© Getty images

Mam Spill "Ech gesinn eppes, wat s du net gesäis" reesen d’Aen da weider iwwer dat sougenannte Wimmelbild. D’Definitioun hei vun: e Wimmelbild ass e groussflächegt Bild, an deem ganz Rëtsch Elementer, Figuren an Handlungen op engem Wierk sinn. Dat stëmmt och am Wierk, wou am Ganzen 2.000 Stonnen Aarbecht dohannert stécht. Den Ugo Gattoni betount, et wier alles improviséiert an interpretéiert. Him wieren och keng Restriktioune fir ginn, nëmmen d’Joreszuel, d’Unzuel vun der olympescher Editioun an de Lieu hu missen am Poster sinn.

Grad an dësen Zäite kann e bësse Faarf net feelen, a genau dat huet de Kënschtler ëmgesat. Hei en Abléck an ënnerschiddlech Detailer.

Déi fënnef beandrockendst Elementer

Kommt mat op e klengen Tour duerch d’Wierk mat den Top 5 Elementer.

RTL

© olympics.com

Ugefaangen mat der olympescher Fakel bis bei den Trocadero

De Point de départ vun der Fakel war den 9. Mee am Hafe vu Marseille, genau hei fänkt och eis kleng Tournée bis an d’Häerz vun der franséischer Haaptstad un. Den 8. Mee ass d’Fakel owes um 19 Auer ukomm an huet sech den Dag drop op de Wee op Paräis gemaach. Dëst Element däerf dofir natierlech net ausbleiwen. Wichteg ze bemierken ass awer, datt d’ Fakel nach aus ass.

Vun der Fakel geet eise Bléck da weider iwwert de laange Steig bis bei den Trocadero. Op der exzeptioneller Plattform fir Spectateure sinn déi gëllen, sëlwer a bronze Mënze vun de Gewënner net ze iwwersinn.

Vum Trocadero duerch den Arc de Triomphe

Grouss um Arc de Triomphe deit den Agitos op d’Paralympesch Spiller zu Paräis, genee wéi dem Ugo Gattoni den Titel ofgebillt huet. Um Daach vum Gebai gesäit ee Rollstullfuerer matten an engem Tennis-Match. Duerch den Arc de Triomph fiert e Metro, op deem sech e Judo-Match ofspillt. De Metro ass symbolesch fir den Transport fir d’Zuschauer wärend de Spiller.

Eisen nächste Stop ass de Grand Palais

De Grand Palais gouf mat vill Méi fir d’Spiller renovéiert. Fir d’Weltausstellung 1900 ass d’Gebai gebaut ginn an empfänkt d’Paralympesch Spiller dëst Joer, wat och de Kënschtler net vergiess huet. Um Daach sinn zwou Disziplinnen ze erkennen, déi eng Säit si se um Fechten an déi aner gesäit een eng vun de Kampfkënschtler. Säitlech geet et iwwer d’Bouschéissen an e Ballsportaart an de Grand Palais eran.

Vum Grand Palais klamme mer op d'Sprangbriet

An der Mëtt vum Ditpych geet de Bléck iwwert d'Sprangbriet an den olympesche Motto "citius, altius, fortius, communier", wat esou vill bedeit wéi "méi séier, méi héich, méi staark, zesummen". Dëst ass am Aklang vum Sprénger, dee mat ausgestreckten Äerm an de Stadion era spréngt. Um lénken Aarm sëtzt eng Dauf. Déi wäiss Dauf ass e Friddenssymbol an deit dorop hin datt een sech wënscht dass déi momentan Konflikter an der Welt net an d’ Spiller agräife wann de Sprénger bis d’Olympiade lancéiert.

RTL

© olympics.com

Lass geet et mam Marathon um Pont Alexandre lll bis op de Podium

Direkt nieft dem Sprangbriet fléissen eis Aen duerch d’Seine op déi bekannte Paräisser Bréck. Hei lafen d’Athleten den 10. an 11. August laanscht d’Schwëmmer an d’Rudderbooter. Den Ugo Gattoni verbënnt d’Bréck mam Château de Versailles, wou de Reitsport um Programm steet. Par konter huet hien net d’Schlass selwer gezeechent, mee den ikonesche Gaart dee bekannt ass fir seng Sprangbueren, Blummen a Skulpturen. Direkt hannert dem Sprangbuer ass de Podium um Fouss vum Eiffeltuerm ze gesinn, dee sech mam Stade de France verbënnt, wou d’Athleete mam Breakdance iwwerzeegen. Zentral am Diptych ass d'Worzeeche vu Paräis, wou déi 33. Editioun vun der Olympiade verankert ass. Wéi och am Häerz vu Frankräich bréngt eis den Eiffeltuerm zeréck op den Trocadero, wou de Bléck bis iwwert d’Fakel eraus aluet.

RTL

© olympics.com

Eis kleng Tournée uechter dem Ugo Gattoni säin olympesche Stadion an deene fënnef beandrockendsten Elementer kennt also op en Enn, wou et och ugefaangen huet, nämlech bei der olympescher Fakel.

Mee hei hält et awer nach laang net op, well de Poster ass och duerch sou munch Skandaler gaangen.

Déi dräi Skandaler 

1. Place de la Concorde

Fänke mer an der Mëtt un op der Place de la Concorde. Riets nieft dem Eiffeltuerm schwieft de Phryges iwwert den Obelisk. Ronderëm dësen huet de Kënschtler eng Tribün opgeriicht. Wann een un déi franséisch Vergaangenheet zeréckdenkt, erënnert ee sech drun, wéi hei nieft dem leschte Kinnek Louis XVI a senger Fra Marie-Antoinette nach vill aner Leit guillotinéiert goufen. Ass de Maskottchen hei also symbolesch fir déi franséisch Geschicht positionéiert ginn oder ass et Zoufall? Et muss een awer och bedenken, datt op dëser Plaz sech dëst Joer déi nei Disziplinne vum Breakdance, BMX, Skateboard an den 3x3-Basket ofspillen.

RTL

© olympics.com

2. Den Dôme des Invalides

Deenen engen ass et villäicht direkt opgefall, dass op der Spëtzt vum Dôme des Invalides, lénks nieft dem Eiffeltuerm d’Kräiz feelt. Bei de Republikaner huet dës esou munch Reaktiounen ausgeléist, sou den Éric Ciotti, deen op Twitter behaapt d’Kräiz ze leegnen, géif mat der Identitéit vum Gebai an domat mat der franséischer Geschicht spillen. Och de François-Xavier Bellamy äussert sech schockéiert. Hie betount, datt de Kënschtler, wéi och den Organisatiounscomité bereet wieren, d’Realitéit ze verbéien an esou Frankräich mat senger Geschicht ofzestreiden. Hie wërft d’Fro op, wéi ee kéint virtäuschen, säi Land gär ze hunn, andeems e seng eege Wuerzelen zerstéiert.

RTL

© olympics.com

3. De franséische Fändel

Bei deenen zwee éischter skandaléisen Aspekter bleift et awer net. Vill Leit kritiséieren, datt de franséische Fändel néirens um Bild drop ass. Dëst ass awer op d’Reglementatioun vun de Spiller zeréckzeféieren, déi beseet et sollt kee Fändel an de Plakater sinn. De Kënschtler huet sech awer dofir eng aner afale gelooss an huet déi dräi Faarwen méi diskret integréiert, wat eis op déi nächst Fro bréngt.

Ween ass den Ugo Gattoni iwwerhaapt?

RTL

© Getty Images

Den Ugo Gattoni ass e franséischen Illustrateur, dee bekannt ass fir seng faarwefrou Welten. Detailléiert Zenarien danzen a poppege Faarwen op senge Leinwänn. Tëschent dem 19. September 2023 an dem 19. Januar 2024 huet en un dësem Wierk fir am Ganzen 2.000 Stonne gemoolt.

Am Joer 2015 huet hien d’Wierk “Hippopolis” kreéier, wat sou muncher a Form vu Seid droen. Et gouf nämlech als Hermès-Schal verkaf. Nieft Hermès hunn awer och aner Luxusmarke sech vum Ugo Gattoni iwwerzeege gelooss, dorënner Ruinart, Cartier, Pierre Frey oder Audermars Piguet.

RTL

© agentpekka

Eng Retrospektiv op d’olympesch Posteren

Bleiwe mer an der Vergaangenheet a kucken op d’Geschicht vun de Postere fir d'Olympesch Spiller. Et ass eng Traditioun zanter 112 Joer, datt all Organisatiounscomité d’olympesch Symbolik vun ënnerschiddlechen Artiste representéiere léisst.

Ugefaangen huet déi Traditioun 1912 bei den Olympesche Spiller zu Stockholm. Zentral ass hei wéi sou dacks en Athlet, deen dem Adonis gläicht. De schweedesche Kënschtler Olle Hjortzberg war bekannt fir seng Kierchemolereien a säi Wierk konnt mat de ville Fändelen a Athleten iwwerzeegen.

RTL

© The olympic design 2023

Viru genee 100 Joer war d’Olympiad och schonn zu Paräis. Hei um Jean Droit sengem Poster weisen sech d’Athleten houfreg mam Fändel no der Victoire vum éischte Weltkrich.

RTL

© The olympic design 2023

1984 huet de bekannten amerikanesche Kënschtler Robert Rauschenberg de Poster fir Los Angeles erstallt. An deem Joer hu sech nach aner bedeitend Kënschtler proposéiert, wéi den David Hockney, Roy Lichtenstein, Lynda Benglis oder John Baldessar. De Rauschenberg war awer mat senger Fotomontage mat der Uspillung "Star in Motion" am beschte gëeegent.

RTL

© The olympic design 2023

London konnt 2012 mam Rachel Whiteread sengem Poster d’Spiller kënschtleresch iwwerdroen. Säi faarwegt an abstrakt Wierk besteet aus deene 5 Réng, déi d'Kontinenter vun Europa, Asien, Amerika, Afrika an Ozeanie representéieren. Et huet een awer och d'Impressioun, d'Kreesser wiere Réng, déi eng Béierfläsch op engem Kaffisdësch hannerloossen, wat jo typesch fir de Ruff vu London wier.

RTL

© The olympic design 2023

Fun Fact

Fir d’Konschthistoriker a Kënschtler ënnert eis ass och interessant ze gesinn, wéi den Ugo Gattoni sech un de gëllene Schnatt gehalen huet. Op sengem Instragram huet hien e konkrete Video heizou.

An der Mëtt vum Schnatt ass interessanterweis e Leefer mat enger ugefaangener Fakel gezeechent. 
 
Dem Ugo Gattoni säi Poster huet awer nach vill méi ze bidden an invitéiert de Betruechter an all déi verschidde Sportaarten, wéi och nach ganz vill aner Detailer ze entdecken.

RTL

© artdotistanbul