"L'ordre des choses" vum Michel Medinger an der Chapelle de la Charité
Scho fir d' 7. Kéier ass och Lëtzebuerg op deene berüümte Rencontres d'Arles vertrueden.
D’Rencontres de la photographie vun Arles gehéieren zu deenen eelsten a renomméiertste Fotofestivalle vun der Welt. Am Kader vun der mëttlerweil scho 55. Editioun kann een zanter ugangs Juli ganzer 41 Ausstellungen op zäitgenëssesche wéi och historesche Plazen an an ëm Arles entdecken. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees um Festival vertrueden. An der entweiter Chapelle de la Charité daucht een an deen eenzegaartegen Univers vum Fotograf Michel Medinger an, deen haut zu de bedeitendste Fotografe vu Lëtzebuerg zielt.
All Summer an dat schonn zanter 1970 lackelen d’Rencontres de la Photographie zeg dausende Professioneller a Fotopassionnéierter aus aller Welt an déi historesch Stad Arles. Et trëfft ee sech an deene pittoreske Gaassen, a Muséeën a Galerien, ma och op onkonventionellen Ausstellungsplazen, fir zesummen dat zäitgenëssescht fotografescht Schafen ze feieren an ze fërderen. Scho fir d‘7. Kéier ass Lëtzebuerg um renomméierte Festival dobäi an d’Projete vu Lët‘z Arles hu sech iwwer d’Joren zu engem feste Programmpunkt vun de Renconteren entwéckelt.
Vill Leit vu Lëtzebuerg hate sech et net huele gelooss, fir beim grousse Vernissage zu Arles dobäi ze sinn, dorënner och de Kulturminister Eric Thill.
"L‘ordre des choses" heescht d‘Ausstellung vum Michel Medinger, déi Lët‘z Arles dëst Joer hei presentéiert. Ze entdecke ginn et eng 30 original Fotografien a ronn 15 schwaarz-wäiss Tiragen, déi op grouss, speziell fir dës Expo konzipéiert Holzkëschte reproduzéiert goufen. All eenzelt Wierk ass d’Resultat vun enger eenzegaarteger, akribesch duerchduechter an inzeenéierter Nature morte.
Och wann de Michel Medinger krankheetsbedéngt, leider net fir d’Ouvertureswoch op Arles reese konnt, ass hien an der Chapelle de la Charité omnipresent. Ee monumentaalt Kuriositéitekabinett presentéiert dem Public eng Hellewull vun deenen Objeten, mat deenen de Fotograf a leidenschaftleche Sammler seng humorvoll, poetesch Kompositiounen zesummegestallt huet. Saache wéi alt Schaffgeschier, Glasaen, Vugelskeletter, verwielte Blummen an Doudekäpp, déi sech iwwer 40 Joer a sengem Atelier ugesammelt hunn.
D‘Rencontres de la photographie lafen nach bis de 29. September. Bis dohinner ass dann och d‘Ausstellung "L’ordre des choses" an der Chapelle de la Charité ze gesinn.
Parallel zu där grousser Ausstellung zu Arles si bis an den Oktober eran och am Märeler Park an am Hospice zu Hamm zwou Fotoserien vum Michel Medinger ze gesinn. Engersäits dem Fotograf seng berüümte Bensinnspompelen an anersäits Sport-Géigestänn. 1964 hat de Michel Medinger als Leefer fir Lëtzebuerg un den Olympesche Spiller zu Tokyo deelgeholl.
Donieft zeechent d’Publikatioun "Michel Medinger - Lord of Things", mat Texter vum Florence Reckinger-Taddeï, Paul di Felice a Cyrille Putman, en ausféierlechen a villsäitege Portrait vum Fotograf a senger Aarbecht.