3 Lëtzebuerger Produktiounen an der offizieller Auswiel

© Boshua
Vum 2. bis de 26. August gëtt déi schottesch Haaptstad Edinburgh zum pulséierenden Epizentrum vun der Live-Performance.
De Fringe Festival zu Edinburgh gehéiert zu deene gréisste Kulturfestivalle vun der Welt. Vun Theater a Comedy iwwer Zirkus an Oper bis hin zum Danz, et ass alles dobäi a jiddwereen kritt eng Bün gebueden. Weder e Jury, nach en Auswielcomité decidéiert, wien um Festival deelhëlt.
Um Programm vun der mëttlerweil scho 77. Editioun vum Festival sti ronn 3.400 Showen vu Kënschtler a Performer aus ganzer 58 Länner. Opgefouert ginn dës net just an deen Honnerte vun Theateren a Concertshalen uechter d‘Stad, ma och a Baren, Parken, Schëffscontaineren etc.
Scho fir d‘Zweet ass och Lëtzebuerg bei deem berüümte Festival vertrueden.
Stoungen 2023 véier Lëtzebuerger Theaterproduktiounen op der Affiche vum Edinburgh Festival Fringe, sou besteet d‘"Luxembourg selection" dëst Joer aus dräi Danzproduktiounen: "The Hidden Garden" vum Jill Crovisier, "The Passion of Andrea 2" vum Simone Mousset an "Negare" vum Giovanni Zazzera.
Jill Crovisier - The Hidden Garden
D‘Jill Crovisier stellt sech dem Public zu Edinburgh mat The Hidden Garden vir. Eng Solo-Choreografie, "inspiréiert vun der Gothic Novel, der fantastescher Literatur an de moderne Bräich vun der haiteger Gesellschaft". Dës ass vum 13. bis de 26. August an der "Summerhall – TechCube0" ze gesinn.
Simone Mousset - The Passion of Andrea 2
D‘Simone Mousset mécht hire Fringe-Debut mat der Choreografie The Passion of Andrea 2, an där Danz an Theater matenee verschmëlzen. E Wierk, dat d‘Gefill vun Iwwerwältegung an Onsécherheet an Zäite vu Konfrontatioun a Muechtkämpf erfuerscht. Rendez-vous heifir ass vum 13. bis de 25. August am "The Assembly (Dance Base – Studio 1)".
Giovanni Zazzera - NEGARE
Den Giovanni Zazzera léisst de Spectateur mam choreografesche Solo NEGARE an déi komesch, poetesch Welt vun engem Personnage andauchen, dee mat senger Identitéit spillt an dës kontinuéierlech u seng Wënsch, seng Ängscht a seng Dreem upasst. Vum 12. bis de 25. August ass d‘Produktioun am "C ARTS | C venues | C aquila" ze gesinn.
Donieft ënnerstëtzt Kultur | lx – Arts Council Luxembourg och d’Komikerin Anu Vaidyanathan an hirer Participatioun um Festival. Hir Performancen "BC.AD – Before Children, after Diapers"an "Menagerie" kann een am Gilded Balloon – The Penny entdecken.
Dee ganze Programm vum Edinburgh Festival Fringe fënnt een hei.