De Serge Tonnar fënnef Mol solo

Ob am Publikum oder op der Bün: De Serge Tonnar kënnt gär op Gréiwemaacher an de Stued.
Den 9., 10., 14., 16. a 17. August trëtt de bekannte Museker am Georges Urwald sengem Klengkonschttheater op der Musel op.
Dës Kéier steet de Serge Tonnar eleng op der Bün, a seng Lidder ginn op dat Néidegst reduzéiert: eng Gittar an eng Stëmm. "Dat ass d'Geleeënheet fir hien, seng Lidder op Häerz an Nieren ze préiwen, a fir de Publikum, se an enger intimer an ursprénglecher Form z'erliewen", heescht et an der offizieller Matdeelung vun der klenger Tournée mam Titel "Eleng am Stued".
D'Optrëtter sinn den 9., 10., 14. 16. a 17. August allkéiers ëm 20 Auer. Reservatiounen iwwer E-Mail op stuedtheater@gmail.com.
Op dëser Serie vu Concerte soll och e Live-Album am Stued opgeholl ginn.
Iwwer de Museker op der Bün
De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. Hien ass Aktivist am soziokulturelle Liewen zu Lëtzebuerg, sou als Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten. 2015 huet hien d'Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" an d'Liewe geruff, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt. An der Pandemie vun 2020 huet hien de "Kulturkanal (KUK)" an d'Liewe geruff, eng online Plattform fir artistesch Kreatiounen.