Nodeems d'Photothèque sech jo d'lescht Joer méi fir hir järlech Ausstellung op Déiere konzentréiert huet, koum dëst Joer d'Moud un d'Rei.

D'Iddi heivir war hinne beim Vernissage vun der leschter Ausstellung komm. Zanterhier hu si sech an dës nei Thematik erageschafft. Heibäi huet d'Selektioun aus de ronn 7 Millioune Fotoen, déi an hiren Archive sinn, de Gros vun der Zäit an Usproch geholl. D'Resultat dovunner gesäit een am Ratskeller vum Cercle Cité an der Stad.

Ausgestallt sinn eng 127 Fotoen, déi a sechs gréisser Kategorien ënnerdeelt sinn: Defiléen, Stroossefotoen, Portraiten, bekannt Leit vun oder zu Lëtzebuerg, Kanner an Teenager, Geschäfter an Aarbechtskleedung. Entstane sinn d'Fotoen am 20. Joerhonnert, woubäi déi rezentst eng faarweg Foto ass vu véier Fraen a staarke Kostümer - ënnert hinnen d'Lydie Polfer, d'Colette Flesch, an d'Anne Brasseur.

"Put it on, le Luxembourg s'habille" leeft nach bis de 15. September.