Déi amerikanesch Actrice, déi virun allem aus dem Film "A Woman Under the Influence" vun 1974 bekannt gi war, ass dout.

Wéi ënnert anerem d'"New York Times" an TMZ matdeelen, wier d'Gena Rowlands, déi 1930 gebuer ass, bei hirer Famill an hirem Haus zu Indian Wells am Süde vum US-Bundesstaat Kalifornien gestuerwen. Eng offiziell Doudesursaach gouf bis ewell net genannt. Allerdéngs hat hire Bouf Nick Cassavets am Juni der "New York Times" géigeniwwer gesot, datt déi 94 Joer al Schauspillerin zanter 5 Joer Alzheimer hätt.

Der Gena Rowlands hir Karriär ass déif mam Schauspiller a Regisseur John Cassavets verbonnen, mat deem si 35 Joer laang bis zu sengem Doud 1989 bestuet war. Mat him huet si Filmer wéi "A Woman Under the Influence" a "Gloria" gedréint. Nom Doud vun hirem Mann hat si ënnert anerem nach am Film "Night on Earth" matgespillt.