Expo "Traces of Time" vum éisträichesche Kënschtler Kay Walkowiak
"Traces of Time", sou den Titel vun der aktueller Ausstellung vum CNA, déi een den Ament am Pomhouse an am Waassertuerm zu Diddeleng entdecke kann.
Eng raumgräifend Expo, an där deen éisträichesche Kënschtler Kay Walkowiak mëttels verschiddene Medien de Begrëff vun der Zäit an hir komplex Natur erfuerscht.
Ausgangspunkt vum Kay Walkowiak senger Expo ass de Kuerzfilm "Traces of Time", deen déi westlech Perceptioun vun der Zäit hannerfreet: 60 Filmastellunge vu lafenden Aueren, opgeholl a 60 Butteker uechter Indien, thematiséieren, dass d'Zäit net just als Linn, ma och als Kreeslaf ka geduecht ginn an dass eis Zäit-Notioun ëmmer kulturell gepräägt ass.
D'Ausstellung suivéiert eng gewëssen Dramaturgie. Mam Wierk "Traces of Time", der Fotoserie Display an zwou skulpturalen Aarbechten, soll de Visiteur an d'Thematik erakommen, ier en am Sockel vum Waassertuerm nees e ganz neien Aspekt entdeckt. Nämlech de Foto-Projet "Misfits", deen de Kay Walkowiak an enker Zesummenaarbecht mam CNA a mam Nationalmusée realiséiert huet. 10 Foto-Collagen, déi mat Objeten aus dem Musée senger Kollektioun vu Villeroy-&-Boch-Keramike kreéiert goufen.
"Si goufen all eenzel offotograféiert a sinn dunn nobeschafft an openeegestapelt ginn. Also, mir hunn dat net wierklech mat de Vasen gemaach, dat ass ganz wichteg ze präziséieren. Dem Kay geet et dorëms ze hannerfroen: ab wéini ass en Alldagsobjet e Muséesobjet?" D’Daniela Del Fabbro, Curatrice a Responsabel vum Site Waassertuerm + Pomhouse.
Uewen am Waassertank erwaart een dann, wann ee sou wëll, déi grouss Finall vun der Ausstellung. Den neie Kuerzfilm "Rise and Fall", an deem de Kënschtler d'Evolutioun vum Liewen op der Äerd als Zyklus opgräift. Passend zum Kay Walkowiak senger Ausstellung ass "Zäit" dann och dëst Joer de Motto vum CNA sengem "So So Summer"-Afterwork-Event.
„Och dëst Joer fir de So So Summer hu mer versicht, déi Eventer sou ze gestalten, dass se en lien mat der Ausstellung sinn. Mir hunn do ugefaangen mat Swing Dance Luxembourg, déi eis eng Zäitrees an d’Geschicht vum Danz gemaach hunn. Dann hate mer de Fotoclub Diddeleng, deen eis ee Workshop proposéiert huet, mat deem mer och an der Zäit gereest sinn. Dës Woch wäerte mer Film-Talks hunn, eben iwwer d’Zäit am Film. Dat sinn kuerz awer informativ Talks vun enger hallwer Stonn, adaptéiert un de Summer-Programm an den Afterwork. Mir schléissen den 29. August of mat enger Liesung vum Elise Schmit, wat eng Serie u Kuerzgeschichte geschriwwen huet, wou d’Zäit och eng grouss Roll spillt.“ D'Recette vum Bar kommen iwwregens der Associatioun Catch a Smile ze gutt.
Dee ganze Programm vum "So So Summer" fannt Dir um Site vum CNA.
D'Expo "Traces of Time" leeft nach bis de 24. November.