D'Bridder Gallagher waren zerstridden a stounge 15 Joer net méi zesummen op der Bün. Elo schénge si sech verdroen ze hunn.

Um Méindeg hat OASIS op Twitter e Video gepost mat engem Datum an enger Auerzäit. Doropshi goufen et eng Rei Spekulatiounen, ob d'Bridder sech verdroen hunn an e Comeback mat hirer Band Oasis plangen. Dat gouf elo confirméiert. Um Dënschdeg de Moien 8 Auer englescher Zäit, wéi am Video virausgesot, war um Twitter-Account vun Oasis en neie Post ze fannen. An dësem Post annoncéiert Oasis d'Datumer vun enger Rei Concerten, déi d'Band am Summer 2025 wäert spillen.

D'Bridder wäerten a Wales, England, Schottland an Irland optrieden. Oasis-Fans opgepasst! Tickete ginn et vum 31. August un um 8 Auer an Irland (7 Auer eiser Zäit) an um 9 Auer a Groussbritannien ze kafen (8 Auer eiser Zäit).