Funky Donkey Festival 2024

© funkydonkey
Dëse Weekend feiert de Funky Donkey Festival seng 7. Editioun.
No engem erfollegräiche Comeback 2023 start de Funky Donkey Festival zu Clierf dës Woch a seng 7. Ronn an dat mat vollem Programm.
Dëst Joer dauert de Festival net just 1, ma 2 Deeg. Nei ass nämlech de Funky Friday.
Vun 21:00 bis 3:00 erwaart een e Freideg, den 30. August, ënnert anerem Musek vun der däitscher Scooter Tribute Band The Baxxter Boys, Beats vum Lëtzebuerger DJ DEE an eng Happy Hour.
De Lancement vum 2. Festival-Dag mécht um 14:00 de Géisskan Kollektiv mat engem Poetry Slam.
Bis an d‘Nuecht era kann een dann dee ganze Samschdeg iwwer op deenen zwou Bünen um Parking vum Hall Polyvalent ganzer 11 national an international Bands live erliewen.
Um Line-up stinn:
Trouble in Paradize
Ice in my Eyes
CHAiLD
Drop an Dowidder
AhOLICS
Pike Pilots
Stage Beggin
Don Piano
Still Talk
THE xURBS
Mambo Schinki
Nieft dem musikaleschen Entertainment steet och ee Creators Market mat enger Hellewull Kënschtler an Handwierker um Programm, Animatioune fir Grouss a Kleng an natierlech och Kulinaresches.
En Ticket fir de Funky Friday kascht 7€. Samschdes ass den Entrée am Virverkaf 15€. De Funky Donkey Kombi-Ticket fir Freides a Samschdes gëtt et fir 20€. Keeft ee säin Ticket online, iwwert de Site vum Festival, kënnt nach 1€ u Fraisen dobäi.
Freides ass den Entrée vu 16 Joer un. Samschdes gëtt et keng Altersbeschränkung a fir Kanner ënnert 12 Joer ass den Entrée da fir näischt.
Och dëst Joer wäert nees een Deel vum Festival-Erléis fir e gudden Zweck gespent ginn.
Ënnerstëtzt gëtt d‘ONGD - Guiden a Scouten fir ENG Welt, déi ënnert anerem nohalteg Entwécklungsprojeten am Senegal, am Niger an a Bolivien huet.
Ticketen a weider Informatiounen zum Festival fannt Dir hei an op Facebook.
Hei den Aftermovie vum leschte Joer