Expositioun "Sous une lumière dorée"

Italieenesch Landschafte gemoolt vun hollännesche Kënschtler, en éischter onbekannt Kapitel aus der Konschtgeschicht an awer ass et derwäert, sech dës Wierker aus dem 17. Joerhonnert eng Kéier unzekucken.
Italien, eng Dramdestinatioun, dat mediterraant Klima, d'Konscht, d'Kultur, d'Architektur an déi schéi Landschaften, déi d'Land ze bidden huet, zéie vill Leit un. Esou ass et och villen hollännesche Moler wärend dem 17. Joerhonnert gaangen.
E ganzt Joerhonnert iwwer hu verschidde Generatioune vun hinnen hir Heemecht verlooss, fir sech an Italien kënschtleresch weiderzebilden. Esou ass et dozou komm, dass dës hollännesch Kënschtler op eemol masseweis italieenesch Landschafte gemoolt hunn. E klengt Kapitel an der Konschtgeschicht, wat deene meeschten net bekannt ass. An der Villa Vauban kann een elo eng lëtzebuergesch Privatsammlung vu genau dëse Biller kucke goen.
Am Ganze goufen aus dëser Sammlung 55 Konschtwierker fir d'Ausstellung, déi sech op zwee Stäck verdeelt, erausgewielt. Et si Biller, déi duerch hir mediterran Landschaften, awer zum Deel och duerch antik Architekturen erausstiechen. Dobäi weist awer net all Wierk eng real Vue, mee et sinn och fiktiv Landschaften dobäi, déi d'Kënschtler no an no op Basis vu Skizzen zesummegesat hunn.
Vereenzelt Biller sinn och Representatioune vun der Stad Roum, déi den Zentrum vu verschiddene Communautéite vu Moler war. Dës Wierker weisen, anescht wéi déi dreemeresch Landschaftsbiller, Momenter aus dem Alldag an de Gaasse vun der italieenescher Haaptstad.
Eppes awer wat all d'Biller matenee verbënnt, ass de gëllene Schimmer, deen een op hinne gesäit. Dohier och den Numm vun der Ausstellung ‘Sous une lumière dorée’.
Wien also elo, wou de Summer esou lues zu engem Enn kënnt, nach en Hauch Italien wëll spieren, kann dat nach bis den 13. Oktober an der Villa Vauban maachen.
Parallel zu "Sous une lumière dorée" gëtt et um ënneschte Stack vun der Villa Vauban déi temporär Ausstellung "Le paradis terrestre" ze entdecken.
Eng Selektioun vun 30 Drockgrafiken féiert de Visiteur hei an imaginär Welten – mythologesch a philosophesch Zeenen, ma och idealiséiert Landschaften.
D‘Wierker déi tëscht dem 17. a 19. Joerhonnert entstane sinn, goufe speziell fir dës Ausstellung restauréiert. Gesi kann een se nach bis de 27. Oktober.