Et huet nëmmen e puer Stonne gedauert, bis alleguer d'Tickete fir déi 17 Concerte vun Oasis ausverkaaft waren.

E Samschdeg de Moie sinn d'Tickete fir déi 17 Reunioun-Concerte vun Oasis an England, Schottland, Wales an Irland an d'Vente gaangen. Ma den Undrang war esou grouss, dass d'Sitten iwwert déi d'Tickete verkaf goufen, den Trafic u Leit net geréiert kruten an deelweis ofgestierzt sinn. Eenzel User hunn op de Soziale Medie matgedeelt, dass ronn eng hallef Millioun Leit virun hinnen an de Waardeschlaange waren.

No ronn 10 Stonne waren déi 17 Comeback-Concerte vun der Brit-Pop-Ban ausverkaaft. Dës warnt hir Fans iwwerdeems op X viru méiglecherweis gefälschten an ongültegen Ticketen, déi um Schwaarzmaart kéinten ugebuede ginn.