Lëtzebuerg ass mat sechs Koproduktiounen um Filmfestival vu Venedeg vertrueden. Fënnef dovu si sougenannte VR-Filmer.

Aktuell leeft déi 81. Editioun vun der Mostra, dem bekannte Filmfestival zu Venedeg. Zanter dem 28. August an nach bis den 7. September kann een dëst Joer op der Mostra vill Lëtzebuerger Filmproduktioune gesinn. Am Ganzen ass de Grand-Duché mat 6 Koproduktioune vertrueden. De Lëtzebuerger Film Fong ass natierlech mat enger ganzer Delegatioun sur place, erkläert den Direkter Guy Daleiden:

"De Festival vu Venedeg ass den eelste Film-Festival op der Welt. An et ass ëmmer nach ee vun den 3 wichtegste mat Cannes a Berlin zesummen. Wann een dann natierlech an dem Festival selektionéiert ass an dann och nach an der Kompetitioun ass, da kritt ee jo och eng Opmierksamkeet, déi een anescht net kéint kréien. D'Leit liesen driwwer, d'Press schreift driwwer, d'Filmer gi gewisen a sinn normalerweis och all ausverkaaft. D'Leit ginn dat kucken, well ee jo an der Compétition officielle ass an dat gëtt engem eng Visibilitéit, déi een anescht net kann erreechen."

De Guy Daleiden iwwer d'Wichtegkeet vun der Mostra

Effektiv ass och eng vun de Lëtzebuerger Produktiounen an der offizieller Competitioun vun der Mostra vertrueden. Dat ass den Documentaire "Youth (Homecoming)" vum chineesesche Realisateur Wang Bing, koproduzéiert mat der Lëtzebuerger Boîte Les Films Fauves.

Déi fënnef aner Lëtzebuerger Produktiounen sinn an der virtueller Realitéit an der Kompetitioun "immersive" vertrueden. De VR also "virtual reality" an den AR "augmented reality" wier definitiv eng Stäerkt vu Lëtzebuerg, fënnt de Kulturminister Eric Thill:

"Mir gehéieren international mat zu deene Länner, déi am beschten opgestallt sinn a wou an de leschte Joren och vill investéiert ginn ass, wou mer eng Kompetenz opgebaut hunn a wou mer och elo hei d'Resultater gesinn, op déi mer houfreg sinn a wou mer och wëllen dorop opbauen déi nächst Joren. [...] 't ass mer och wichteg, dass mer déi nächst Joren VR/AR och an anere Secteure kënnen asetzen. Ech denken do un den Tourismus oder un d'Educatioun. Dat zesumme mat engem Volet vu 'Gaming'. A wann een dat alles zesummesetzt, dann hunn mer och den ganzen digitale Volet, den och an der Kultur ganz wichteg ass, ofgedeckt. Do ass, wéi gesot, vill Potential an ech wëll mech dofir déi nächst Zäit asetzen."

Den Eric Thill iwwer VR

Ënnert dem Numm "The Centre of Attraction" kann een déi Lëtzebuergesch Produktiounen, zesumme mat belsche Filmer zu Venedeg entdecken. Déi sougenannte "Venice Production Bridge" déngt dozou, Vernetzungen, Finanzéierungen a Koproduktiounsméiglechkeeten ze fuerderen. Wéi gesot, huet Lëtzebuerg dëst Joer also eng grouss Visibilitéit um Filmfestival vu Venedeg.

An der virtueller Realitéit si fënnef Lëtzebuerger Co-Produktiounen an der offizieller Competitioun  "immersive"  vertrueden:

  1. "Ceci est mon coeur" vum Nicolas Blies an dem Stéphane Hueber-Blies, eng Produktioun, déi haaptsächlech zesumme mat a_BAHN realiséiert ginn ass.
  2. "Oto's Planet" vum Gwenael François, eng Produktioun, déi ënner anerem mat Skill Lab ëmgesat ginn ass.
  3. "Mamie Lou" vum Isabelle Andréani, och eng Koproduktioun mat Skill Lab a Frankräich
  4. "Ito Meikyu" vum Boris Labbé, eng Koproduktioun mat Les Films Fauves a Frankräich
  5. "Champ de bataille" vum François Vautier, eng Koproduktioun mat Digital Voodooh, Frankräich an der Belsch.

Nieft dem Kulturminister Eric Thill war och déi groussherzoglech Koppel op Venedeg gereest, fir déi Lëtzebuerger Delegatioun um Filmfestival ze besichen.