Entdeckt elo eis nei Partnerschaft mat Kinepolis a gitt ganz gemittlech an ouni Stéierung mat ärem Bëbee an de Kino – dat ëmmer um éischte Mëttwoch am Mount.

Eis Kolleege vun RTL Today an RTL Infos hunn eng nei Partnerschaft lancéiert, déi et Iech erlaabt, ganz entspaant mat ärem Bëbee an de Kino ze goen. Well et schonn net einfach ass, Aktivitéiten ze fannen, wou een och als Elteren op seng Käschte kënnt, ginn et duerfir elo d'Baby & Me Sessiounen an Zesummenaarbecht mat Kinepolis.

Speziell un dëse Sessiounen ass, datt souwuel d'Beliichtung wéi och den Toun am Sall ugepasst sinn, fir d'Rou vun de Kanner net ze stéieren. Och soll et jonken Elteren d'Chance ginn, sech virun an nom Film mat aneren Eltere kënnen ze ënnerhalen. Des weidere wäert wärend de Sessiounen e Wéckeldësch am Sall installéiert ginn.

Geduecht ass d'Aktioun fir Eltere vu Kanner bis aacht Méint.

Déi speziell Ausstralunge sinn ëmmer um éischte Mëttwoch am Mount, dat tëscht dem 2. Oktober an Dezember. Am Kinepolis Kierchbierg kritt een e Film op Englesch gewise wärend am Kinepolis Belval d'Filmer op Franséisch lafen.

Lass geet et mam Film "It Ends With Us" mam Blake Lively.

Weider Infoe fir Famillen

Wann Dir nach weider Informatiounen zu familljefrëndlechen Evenementer hei zu Lëtzebuerg sicht, da kënnt Dir gäre bei de Kolleege vun Today an Infos kucken, déi all Mount en neie Guide genee duerfir rausbréngen. Klickt hei fir déi englesch Versioun, an hei fir déi franséisch Versioun.

RTL