Uergelfestival feiert 200. Anniversaire vu Komponist Anton Bruckner
D'Organisateure vum Internationalen Uergelfestival vun Diddeleng hu sech fir 2024 eng grouss Erausfuerderung gesat.
Fir den 200. Gebuertsdag vum Éisträicher Komponist Anton Bruckner ginn deem seng 9 Sinfonien der Rei no all Samschdeg eng zu Diddeleng op der Uergel opgefouert. De Régis Thill war fir eis op Diddeleng an d’Kierch.
D’Sarah Kim ass eng vun den international unerkannten Organistinnen an Organisten, déi am Kader vum Bruckner-Festival optrieden. Den Anton Bruckner hat seng Sinfonien net fir Uergel, mee fir Orchester komponéiert. Duerfir hu se lo misse fir Uergel ëmgeschriwwe ginn. Un déi Aufgab huet sech de Museker Eberhard Klotz erugemaach. An duerfir war hie gewëssermoosse predestinéiert.
Et ass natierlech keng liicht Aufgab fir eng Sinfonie, an där et 50 verschidde Stëmme gëtt, sou ëmzeschreiwen, dass d’Uergelversioun dem Komponist Anton Bruckner och nach gerecht gëtt. Forcement muss ee Saachen aus der Partitur erausloossen. Vill Instrumenter spillen am Orchester jo och gläichzäiteg dat selwecht. D’Konscht besteet dodran, de Geescht vun der Sinfonie erëmzegi mat de Méiglechkeete vum Instrument Uergel. An do bitt sech déi Diddelenger Uergel.
All Samschdeg bis den 2. November nach, d’Sinfonië vum Bruckner an der Diddelenger Kierch.